
Haaptstudienrichtungen
Betriebswirtschaft, Publizistik- und Kommunikationswissenschaft, Rechtswissenschaften, Politikwissenschaft, Sprachwissenschaften, Philosophie, Psychologie, Pädagogik, Soziologie, Sportwissenschaft, Geschichte, Geographie, Biologie, Ernährungswissenschaften, uvm.
Hei fënns de all Studiegäng.
Umeldungsschrett
Wann s du nach ni op der Uni Wien studéiert hues, muss du dech als 1. online umellen, wou s de deng Donneen ugëss an dech sou op der Uni registréiers.
2. „Reifezeugnis“ firleen
Wann s du Erstanmeldung gemaach hues, brauchs du just nach däin Premières oder Treizièmes Diplom firzeleen an scho bass du op der Uni Wien ugemellt.
3. Wann s du awer fir däin Studium een Opnahmeverfahren maachen muss, muss du nach folgend Schrëtt maachen:
– een Online-Self-Assessment (OSA) maachen
– folgend Dokumenter virbereeden: Carte d’identite als PNG oder JPG scannen (fir an hannen), Premiere/Treizièmes Diplom op Däitsch oder Englesch
– u:space Account astellen (den brauchs de och wärend dengem Studium, dowéinst muss de der Zougangsdaten verhalen)
– op u:space muss de Registreierung ofschléissen, däin Studium auswielen, deng Dokumenter eroplueden an den OSA-Code aginn
– dann op „Weiter zur Antragstellung“ klicken an alles iwwerpréiwen
– dann op „Bezahlung und Antrag stellen“ klicken an 50€ bezuelen
– dann kanns de der „Testliteratur an Beispillaufgaben“ eroflueden, fir dech op den Opnahmetest virzebereeden
– circa 2 Wochen virum Test kriss du all Detailer per Mail geschéckt
– circa 2 Wochen nom Test kriss de däin Resultat an du bass fir däin Studium zougelooss wann Resultat positiv ass
– dann muss de der een Rendezvous iwwert den „Terminvereinbarungs-Tool“ huelen, den dann iwwert Skype stattfënnt
– dann muss de nach den ÖH-Beitrag bezuelen an wann den ukomm ass dann kanns de deng Studentenkart um u:space bestellen
Hei fënns du nach eng Kéier all Detailer fir Zulassungsverfahren.
4. Umeldung fir deng Fächer
Wann s du dech erfollegräich ugemellt hues, kanns du dech fir deng eenzel Lehrveranstaltungen umellen. Dëst kanns du iwwert u:find maachen an am Vorlesungsverzeichnis fënns du Informatiounen iwwert Lehrveranstaltungen.
Fristen
Bachelor- an Diplomstudien ouni Opnahmeverfahren:
Wantersemester 2021/2022: 12. Juli 2021 bis den 5. September 2021
Summersemester 2022: 10. Januar 2022 bis den 5. Februar 2022
Hei fënns de weider Detailer.
Bachelor- an Diplomstudien mat Opnahmeverfahren:
Antragsfrist: 1. Mäerz bis den 30. Juni 2021
Zulassungsfrist: no der Bekanntgabe vun den Resultater den 30. November 2021
Hei fënns de weider Detailer.
Weider hellefreich Links
Studentpoint Seite (Informatiounen zum Studium oder zur Umeldung)
Fakultäten & Zentren (wichteg Informatiounen zu den Fakultéiten, etc.)
Webmail & Zentraler Informatikdienst (Informatiounen anLogin fir d’Student-email Adresse vun der Uni Wien, souwéi Problemer mam Student-Account)
Kontakt
Universitätsring 1
A-1010 Wien
Tel.: (0043) 01-4277-0
www.univie.ac.at