Als Lëtzebuerger mat engem Premiere/Treizièmes Diplom ass deng Umeldung méi einfach wëlls de etlech Ënnerlagen net areschen muss.
1a. Studium mat Opnahmverfahren (Informatik, Architektur an Raumplanung und Raumordnung):
– Online Registréierung bei TISS
– Motivatiounsschreiwes
– schrëftlechen Reihungstest (wann méi Leit en Motivatiounsschreiwes agereecht hunn wei Platzen sinn)
1b. Studium mat Studien-VoR-Phase:
– Online Registréierung bei TISS
– Rendezvous an der Studienabteilung maachen
2. Perséinlech Aschreiwung an der Studienabteilung, dofir brauchs du folgend Dokumenter:
– däin Premiere/Treizièmes Diplom
– carte d’identite
Hei fënns de nach eng Kéier all Detailer.
3. ÖH-Beitrag bezuelen
Fir deng Umeldung ofzeschléissen muss du den ÖH-Beitrag bezuelen, den am Moment 20,20 euro ass. Dann kriss du den Zougang zu TISS, wou s de der een Konto erstellen muss. Schlussendlech kriss de och deng Studentekaart op deng éisträichesch Adress wann s de déi uginn hues, wann net dann muss de se eng Kéier am ZIB-Zentrum ofhuelen.