FAQ

Wunnen

Wou wunnt een am beschten?
Eis perséinlech Erfarung ass, dass een am beschten an de Bezierker 2-9 &12  wunnt well vun hei de Stadzentrum gutt zu Fous erreechbar ass . Wann ee lo bësse méi bëlleg Wunnenge sicht, da kann een och an Außenbezierker ronderëm de Gürtel kucken, zum Beispill de 15. oder 16. Bezierk. Och vun hei kennt ee mat den ëffentlechen Transporter relativ séier an de Stadzentrum . 

Vill Studenten, déi op der VetMedUni studéieren, déi e bësse méi ausserhalb läit, wunnen dann och an der Géigend vun der Uni am 21. Bezierk.

Allgemeng ass et gutt ze kucke wou deng Uni/Fakultéit leit an dech doru bei der Wunnengssich ze inspiréieren.

Wou fannen ech Wunnengen?

Wanns du eng Wunneng sichs kanns du zum Beispill an eise Facebook Gruppe kucken, do ginn ëmmer erëm Wunnenge vun aalen Studente fräi, oder du kanns hei froen ob villäicht eppes an dengem Budget fräi gëtt.

Et ginn och vill Internetsäiten  op deenens du eng Wunneng fanne kanns:

flatbee.at, immobilienscout24.at, willhaben.at, immowelt.at

Waat kascht eng Wunneng zu Wien?

De Preis variéiert jee no Lag, mir géifen awer schätzen dass een am Duerchschnëtt mat 650 Euro an enger WG rechne kann. Elleng wunne gëtt meeschtens méi deier

 

Sport

Wou kann ech Sport maachen?

Vun der Uni gëtt et den USI Sport. Sie bidden all méiglech Sportaarten un, vun Kampfsport bis Fitness, Danzen, Ski fueren oder och Gruppensport. Vill Kueren sinn immens beléift an dowéinst soll een am viraus wëssen wat een well maachen fir sech dann rechtzäiteg umellen ze kennen. Präisser hänken vun Kuer zu Kuer of mä déi meescht leien tëscht ca. 20€ bis 100€. Umellen kanns de dech entweder online op usi.at.  Et gëtt awer och eng LSW Sport Grupp of Facebook, an deis de draschreiwen kanns, op een zum Beispill Loscht huet Basket spillen ze goen.
 

Gesondheet

Sichs du een Dokter?

Dann fro am beschten einfach am LSW Facebookgrupp no. D’Warscheinlechkeet dass een schonn eng Kéier zu Wien bei engem Dokter war, ass relativ grouss.


Kann ech mat der lëtzebuergescher Krankekeess och zu Wien bei een Dokter goen?

Zu Wien huelen verschidden Dokteren nëmmen eng bestëmmten Krankekeess un. An dem Sënn muss du oppassen, dass wann s du zu Wien bei een Dokter gees hien all Krankekeesen (Alle Kassen) unhëlt.

Wanns du zu Letzebuerg versechert bass, an s du deng Krankenkeeskaart virweisen kanns muss du bei engem “Alle Kassen” Dokter normalerweis näischt sur place bezuelen, mee sie schecken d’Rechnung direkt weider un deng Krankenkees.

 

Waat man ech wann ech eppes aus der Aptikt brauch?

Normalerweis ass et keen Problem mat enger lëtzebuerger Ordonnance an d’Apdikt eppes sichen ze goen. Dëst funktionéiert souguer meeschtens och iwwer eng Foto um Handy. Et muss een d’Medikament allerdéngs selwer bezuelen. D’ Rechnung kann een awer dueno mat der originaler Ordonnance bei d’Krankekeess aschécken an seng Suen zeréck froen.

 

Allgemeng

Wei kommen ech op Wien?

Du kanns entweder mam Fliger, Zuch oder Auto op Wien kommen. 

De Fliger ass warscheinlech dat deierst, mä awer och dat séierst. Du bezils als Student meeschtens em déi 200-300 Euro an bass an 1h45 zu Wien.

Mam Zuch ass een bal een ganzen Dag ënnerwee an wann een frei genuch bucht, kann een Allee just circa 40€ kaschten. Du muss just 1 mol zu Koblenz ëmsteigen an do kriss de den ICE, den direkt op Wien fiert. Dëst ass och déi ëmweltfrëndlechsten Aart an Weis op Wien ze kommen.

Mam Auto bass de circa 10 Stonnen ënnerwee, et gëtt awer méi bëlleg wann s de zu puer am Auto fiers. Et get emmer rem an eiser LSW- Mitfahrzentrale op Facebook vun Leit gepost wann se fun Wien op Letzebuerg oder emgedreint mam Auto fueren, hei kann en sech och meeschtens duerch en Bensinsgeld un der Rees bedeelegen. 

Brauch ech een Auto zu Wien?

Zu Wien brauchs du net onbedéngt een Auto. D’Verkéiersnetz an d’Velosweeer sinn sou gutt ausgebaut dass de mam Auto méi laang brauchs wei mam Vëlo oder mat der U-Bahn zum Beispill. Sie féieren dech och quasi iwwerall hin, an wann mol eng Kéier net gëtt et zu Wien och nach de Carsharing, wou s de der een Auto fir eng bestëmmten Zäit lounen kanns. Ausserdeem muss de bedenken, dass de net den ganzen Dag gratis parken kanns.

Wanns du dein Auto net hei zu Wien ungemellt hues kriss du och keen Parkticket mat dems du laang dierfs an enger Stross stoen bleiwen. 

Wou maachen ech mir en Ticket fir den ëffentlechen Transport?

Du kanns dir iwwert d’App “Wiener Linien” en Semesterticket fir 75€ kaafen. Hei muss du just oppassen dass du deng Studentekart ëmmer dobäii hues, falls du den Ticket muss firweisen. 

Wei mellen ech mech zu Wien richteg un?

Du muss dech zu Wien innerhalb vun 3 Deeg beim Meldeservice umellen. Et kascht näischt sech unzemellen an du muss folgend Ënnerlagen mathuelen:

– Carte d’identité oder Pass an eventuell eng Geburtsurkunde

– Mietvertrag

Meldezettel

Denk drun dech am viraus iwwert alles ze informéieren, och iwwert déi néideg Ënnerlagen.

Hei fënns de déi néideg Informatiounen an Ënnerlagen, déi s de fir Umeldung brauchs.

Dono muss du banent 3 Meint bei der Ausländerbehörde passéieren, fir dech richteg hei an Eistereich unzemellen. 

Wat ass GIS?

Wann s du Geräter mat „Rundfunk-Technologien“ hues, bass du an Eistreich gesetzlech verflicht „Rundfunkgebühren“ ze bezuelen. Dat ass GIS. Sie kennen och bei dech schellen kommen fir ze kontrolléieren op s du zum Beispill en Fernsee hues. Allerdéngs hues du d’Rescht den Antrëtt an deng Wunneng ze verweigeren.

Hei fënns du Präisser oder och aner Informatiounen.

Hues du iegendwelch Froen zu denger Studium?

Dann fro am Beschten einfach an LSW Facebookgrupp, d’Warscheinlechkeet dass een dat selwescht studéiert ass relativ grouss. Du kanns eis awer och gearen iwwert eisen Instagram oder eis E-Mail schreiwen sollst du eng konkret Froo hun.