Servus a Wëllkomm bei de Lëtzebuerger Studenten zu Wien

Fir dech iwwert d’Unien zu Wien an iwwert d’Stad ze informéieren oder och méi genau iwwert eis, perséinlech Tipps a nach vill aneres gewuer ze ginn, bass du hei richteg. Wann d’Informatiounen um Site der net weiderhëllefen, kanns du eis gären eng Mail oder eis iwwert eis soziale Medie, ewéi Facebook oder Instagram schreiwen!

WAT ASS DEN LSW?

Den LSW ass den Studentencercel vun den Lëtzebuergeschen Studenten zu Wien an ass den 24. Mee 1975 gegrënnt gi.  Am Moment zielen mer bal 350 aktiv Memberen an sinn soumat een vun den gréissten lëtzebuergeschen Studentencercel. 

Eis Aufgaben sinn et déi lëtzebuergesch Studenten ze beroden, ze ënnerstëtzen an zesummen ze bréngen. Am Groussen Ganzen ass eist Ziel, déi lëtzebuergesch Studenten zu Wien am In- an Ausland ze vertrieden. Et ass eis wichteg, dass mir den lëtzebuergeschen Studenten zu Wien zur Säit stinn an als Ulafstell fir allméiglech Froen oder Problemer iwwert d’Studium oder d’Liewen zu Wien fungéieren.

 

Mir bidden ofwiesslungsräich Aktivitéiten un, déi an reegelméissegen Ofstänn iwwert ganzt Joer verdeelt sinn. Des Aktivitéiten reegen vun eiser Welcome Party am Oktober, eiser Daf am November oder eisem Intercercel „Saufest“ am Mee/Juni bis zu eisem Pubquiz oder Sportaktivitéiten. Weider Informatiounen zu eisen Eventer fënns du hei.

Op Facebook hunn mir sëlleg Gruppen:

Eis offiziell Facebook Säit fënns de hei.

Du hues iergendwellech Froen bezüglech dengem Studium, dem Liewen zu Wien oder soss Froen, dann kanns de hei draschreiwen.

Du brauchs een Hummer oder wëlls däin Regal verkafen, dann kanns de hei draschreiwen.

Du fiers mam Auto op Wien oder wëlls mat engem mam Auto matfueren, dann kanns de hei draschreiwen. 

Du sichs een den mat der lafen geet oder eng Fussball spillen geet, dann kanns de hei draschreiwen.

Eis Kontosdonnéen bei der Spuerkees zu Lëtzebuerg sinn déi folgend:

IBAN: LU32 0019 7055 5088 1000

BIC: BCEELULL

Empfängername: L.S.W.- Letzebuerger Studente Wien