Servus a Wëllkomm bei de Lëtzebuerger Studenten zu Wien

Fir dech iwwert d’Unien zu Wien an iwwert d’Stad ze informéieren oder och méi genau iwwert eis, perséinlech Tipps a nach vill aneres gewuer ze ginn, bass du hei richteg. Wann d’Informatiounen um Site der net weiderhëllefen, kanns du eis gären eng Mail oder eis iwwert eis soziale Medie, ewéi Facebook oder Instagram schreiwen!

News

Student fir 1 Dag um Belval 2021

De 7. Abrëll 2021 ware mir fir de ‚Student fir 1 Dag‘ um Belval. Obwuel dëst Event net wéi soss ofgelaf ass, huet et eis vill Spaass gemaach eis zukünfteg Erstis kennenzeléieren. Mir hoffen, datt mir hier Froe beäntwere konnten a se dat nächst Joer zu Wien begréisse kënnen!

Daf 2020

Eis Daf 2020 huet leider misse kuerzfristeg, nodeems schonn alles organiséiert war, ofgesot ginn. Mir huelen dat awer sou séier wei méiglech no!

Assemblée générale 2021

De 7. Mäerz 2021 war eis alljärlech Assemblée générale. Opgrond vun den aktuelle Corona Moossnamen huet se leider online stattfonnt. Mir hunn eisem ale Comité fir dat lescht Joer Merci gesot. Och wann net vill Eventer organiséiert konnte ginn, hunn si trotzdeem dat Bescht aus der Saach gemaach. Zousätzlech dozou sinn de neie Comité an d’réviseurs de caisse gewielt ginn.

LSW Welcome Party Corona Editioun 2020

Eis Welcome Party konnte mer ënnert strengen Oplagen organiséieren. Fir den 9. Oktober 2020 konnten sech d’Student*innen aschreiwe fir zesummen ee Patt an der StieglAmbulanz ze drénken. Och wann dëst anescht ofgelaf ass wéi soss, war et eng gelonge Welcome Party.