Wunnengssich

Ops du wëlls eleng wunnen, an engem Studentenheem oder an enger WG, dëst ass alles ass méiglech.

Wunneng

Et gi vill Internetsäiten (flatbee.atimmobilienscout24.atwillhaben.atimmowelt.at) op deenens de eng Wunneng fannen kanns. Du kanns awer och einfach mol an  Facebook Grupp vum LSW schreiwen dass du eng Wunneng sichs, villäicht gëtt engem seng fräi, den seng gären un aner lëtzebuergesch Studenten weider gëtt. Du kanns awer och iwwert eng Immobilière eng Wunneng sichen.

Oppassen muss du op d’Provisioun. Dës bezils du wann d’Wunneng iwwert eng Immobilière verkaf gëtt, well domadder den Immobilienmakler bezuelt gëtt. Dës Provisioun ass meeschtens 2 bis 3 Loyeren héich. Dat heescht wann däin Loyer zum Beispill 600 den Mount kascht bezils du gären nach eng Kéier 1200 bis 1800 fir d’Provisioun. Fir dëst ze evitéieren kanns du zum Beispill op Internetsäiten als Filter „Provionsfrei“ uklicken an dann gi der just nach d’Wunnengen ugewisen, déi privat verkaf gi an dowéinst muss de do keng Provisioun bezuelen. Et gi awer och Facebookgruppen, wou provisionsfrei Wunnengen verlount gi.

WG

Du weess scho mat wiem s de eng WG grënnen wëlls? Dann kanns de entweder an eis LSW Facebookgrupp schreiwen oder op deenen uewen genannten Internetsäiten no enger Wunneng sichen. Oppassen, och hei besteet d’Méiglechkeet rëm vun enger Provisioun.

Du sichs nach Leit fir eng WG ze grënnen? Dann kanns de an LSW Facebookgrupp schreiwen, héchstwarscheinlech sinn nach aner Studenten op der Sich.

Du sichs een WG-Zëmmer? Dann kanns de zum Beispill op WG-gesucht.de oder immobilienscout24.at nokucken, op do dat passend fir dech dobäi ass. An der LSW Facebookgrupp schreiwen och reegelméisseg lëtzebuergesch Studenten dran wann een WG-Zëmmer bei hinnen frei gëtt.

Studentenheem

Et gi allméiglech Studentenheemer zu Wien. An verschiddener hues de deng komplett eegen Wunneng mat Kichen, Buedzëmmer, Schlofkummer, an aneren deels de der eng Kichen mat aneren Studenten. Och Präisser an Gréissten variéieren vun Studentenheem zu Studentenheem.

Virdeeler vun engem Studentenheem:

  • et ass alles miwweléiert (och Wäschmaschinn an Trockner)
  • et ass oft een Fitness do, deens de gratis notzen kanns
  • et gi Gemeinschaftsraim, wou s de aner Studenten treffen kanns
  • oft gëtt et een Partyraum wou s de lounen kanns wann s de zum Beispill däin Gebuertsdag feieren wëlls
  • et gëtt sech em alles gekëmmert: Wifi, wann eppes an der Wunneng net méi geet oder iergendeen Problem ass
  • du leiers séier aner Studenten kennen, virun allem een Virdeel wann s du eleng op Wien kenns an keen kenns 
  • meeschtens kanns de däin Vertrag vun Semester/Joer op Semester/Joer verlängeren, dat heescht du bass flexibel an net puer Joer laang un en Mietvertrag gebonnen

Hei e puer Studentenheemer: STUWOLinked LivingThe FizzMilestoneCity Life Appartments

Dat sinn just puer Studentenheemer, et gi der nach vill méi. Dei verschidden Studentenheemer hunn och ënnerschiddlech Servicer an net onbedéngt all déi uewen genannten Virdeeler. Dowéinst informéier dech am viraus iwwert dat Studentenheem wou dech interesséiert.