Events

Upcoming Events

06.05.2022 LSW meets Schroeder & Associés

Eise Sponsor Schroeder & Associés kennt de 6. Mäi 2022 op Wien fir sech an hier Firma ze presentéieren. 
Méi Infoen an d’Umeldunge fënns du hei: https://fb.me/e/42Ftd5a6Z

20-22.05.2022 BASE- CUP

Den LSW, LSI a LSM bidden de Weekend vum 20.Mäi eng ganz néi Aart vun Event un. D’Event fänkt Freides den 20.Mäi zu Insbruck mat engem Fraibeier un. Samschdes den 21.Mäi geet et dann als Zuschauer oder Sportler am Team weider mat Vëlkerball, Spikeball oder Petanque. Owes gëtt et dann Iessen am Glorious Bastards. Sonndes steet chillen um Baggerséi um Programm.
Méi Infoen an d’Umeldunge fënns du op dësem Link: https://fb.me/e/2snhqIgmU

03-05.06.2022 LSW Intercercle Saufest

No 2 haarde Joer ouni Saufest, kann dëst Joer erëm eisen Traditionellen Intercercle um Päischtweekend statt fannen!
Freides den 3 Juni um 20:00 geet et lass mat engem Wëllkomm Patt. Samschden den 4. Juni ass Rendezvous um 12:00 op der Donau wou eis legendäert Saufest an eng nei Ronn wäert starten! Sonndes den 5 Juni ass den Dag vun der kultureller Beräicherung, dat ganzt gëtt dann Ofgeschloss mat engem Owesiessen am Restaurant.
Hei fënns du méi Infoen iwwert d’Event: https://fb.me/e/25EP2V2vw

Past Events

28.04.2022 Pubquiz​

Um Pubquiz hun Lëtzebuerger zu Wien hiert Wëssen missten ënner Beweis stellen. Si hunn sech an den Kategorien Iessen & Drenken, Around the World, Fauna & Flora an Klatsch & Tratsch missten beweisen.

07.04.2022 Student fir 1 Dag

De Studentevertrieder ACEL organiséiert 1 mol am Joer de „Student fir 1 Dag“. Hei kann ee wärend engem Dag eng Studiestad besichtegen. De 7 Abrëll war dann eng vun de schéinsten Haaptstied an Europa drun: Wien! 
De Comité huet eng Visitt vu verschidden Universitéite wei d’Universität Wien an Teschnische Universität Wien organiséiert. En Tour duerch Wien, de Prater a Wirtschaftsuniversität stoungen och um Programm. 

 

31.03.2022 Beerpongtournoi

Am 2er Team konnte Matspiller hier Beerpong Skills ënner Beweis stellen.

Een deel vum Erléis gouf un „Hope for a Train“ fir d’Ukrain gespent.

17.03.2022 Assemblée Générale

No deene lëschten 2 Joere konnt eis Assemblée Générale nees dëst Joer sur Place statt fannen.

Hei hate d’Membere d’Méiglechkeet dem Comité Input iwwert dat lescht Joer ze ginn, ausserdeem gouf den neie Comité gewielt.

10.03.2022 Ersti Stammdësch

Op eisem Ersti Stammdësch konnten nei Studenten sech kenneléieren a Froe bezüglech Uni, Events, Liewen zu Wien etc.  vum Comité beäntwert ginn.

27. & 28.12.2022 Tournoi de Noël

Dëst Joer konnt den Tournoi de Noël am geigensatz zu dem leschte Joer zwar stattfannen, mee dëst an enger anerer Variant. Wéinst der aktueller Situatioun waren d’Supporter net an den Halen vum Geesseknäppchen erlaabt. Aus dësem Grond si Baskets-, Volleyballs a Fussballsmatcher live um Belval iwwerdroe ginn.

19.11.2021 Beerpongtournoi

 

Am Laf vum Wanter- an/oder Summersemester fënnt een Beerpongtournoi statt, wou jiddereen mat sengem Beerpongpartner seng Skills ënner Beweis stellen kann. 

Fotoen

06.11.2021 Daf

 

 

 

Op der Daf Enn Oktober/Ufank November hunn eis Erstien d’Méiglechkeet aner Leit an d’Stad besser kennenzeléieren, andeems se an klengen Gruppen een Rallye duerch Stad maachen mat verschiddenen Spiller. 

Fotoen

28. & 29.10.2021 Studentefoire

 

 

Op der Studentefoire am November zu Lëtzebuerg an der Luxexpo, organiséiert vun der ACEL, hunn 2ieme an 1re Schüler d’Méiglechkeet e bëssen eppes iwwert déi verschidden Studentestied gewuer ze gi. Dëst fënnt ëmmer am Ufank vum Schouljoer statt, wou mir extra vun Wien op Lëtzebuerg kommen, fir eisen Cercle ze vertrieden. Och hei waren déi 2 lescht Editiounen online.

Fotoen

15.10.2021 LSW Welcome Party

 

 

Direkt am Ufank vum Semester fënnt d’Welcome Party statt fir d’Erstien zu Wien begréissen ze kennen awer och all déi aner Studenten no der Summervakanz rëm ze gesinn.

Fotoen

02.10.2021 Wiener Wiesn

 

 

Am September/Oktober fënnt net nëmmen zu München dat grousst Oktoberfest statt, mee och zu Wien gi et d’Wiener Wiesn, wou den LSW all Joer zesummen higeet. Natierlech an der traditioneller Kleedung!

Fotoen

24.09.2021 Studentebal

 

 

Den Studentebal um Bouillon, organiséiert vun der ACEL, fënnt ëmmer den 3. Freideg am Juli statt. Hei gesinn sech all Studenten aus den verschiddenen Stied rëm an feieren zesummen den Ofschloss vum Summersemester. Den LSW huet och rëm dëst Joer fläisseg mat gehollef op- an ofzeriichten an hunn den Owend selwer Hugo op hirem Stand verkaf.

Fotoen

12.06.2021 Stammdesch

Souwuel am Wanter- wei och am Summersemester gëtt et een Stammdësch, wou d’LSW-Memberen zesummen fannen fir een gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen awer och fir een klengen Austausch tëscht dem Comité an den Memberen ze erméiglechen fir evtl. Verbesserungsfirschlei matzedeelen.

17.04.2021-24.04.2021

Kilometer sammelen géint den Krebs

Am Abrëll 2021 hunn mir Spenden gesammelt fir den gudden Zweck. Eis Memberen konnten zum Beispill spadséieren oder lafen goen oder och mam Vëlo fueren goen, an missten eis hier zréckgeluechten Kilometeren schécken. Am gesamten sin 933 Kilometer zréckgeluecht gi, dat ass vun Wien op Lëtzebuerg bei den RTL um Kierchbierg.  Schlussendlech hunn mir 500€ un den Televie gespent. 

Merci fir déi groussaarteg Participatioun!

02.04.2021-05.04.2021

Easter Egg Hunt

Als kleng Ofwiesslung zu all den online Eventer, gouf em Ouschteren den Easter Egg Hunt organiséiert, wou Schokolaseer an 3 Kaddoen duerch Stad Lëtzebuerg vum Ouschterhues verstoppt goufen.

07.04.2021

Student fir 1 Dag

 Am Laf vum Abrëll ass den Student fir 1 Dag, wou 2ieme an 1re Schüler ëmmer fir e puer Deeg an déi ausgewielten Studentestad gi, wou hinnen dann d’Stad an d’Unien gewisen gi an op hier Froen geäntwert gëtt. An eisem Fall kommen d’Studenten op Wien, wou mir verschidden Aktivitéiten mat hinnen maachen.

Fotoen

7.03.2021 Assemblée générale

 

Op der järlecher Assemblée générale am Ufank vum Summersemester, gëtt den Rapport vum ganzen leschten Joer gemaach an et gëtt och een neien Comité gewielt. Wann Memberen Froen hunn oder iergendwellech Umierkungen, kennen se déi och maachen.

Dëst Joer gouf och d’Assemblée générale online ofgehale.

Ugly Skiing Day

Ufank Abrëll ass den Intercercle vun den lëtzebuergeschen Studenten zu Innsbruck den Ugly Skiing Day. Dëst ass een internationaalt Event, wou och Lëtzebuerger all Joer hiren Wee op Innsbruck op den Bierg fannen an zesummen een flotten Dag an „ugly“ Kleeder verbréngen. Den Dag drop verbréngen Lëtzebuerger dann nach een gemittlechen Dag um Inn, éier et fir jiddereen rëm an seng Studentestad zréck geet.

Fotoen

Hüttenzauber

Seid puer Joer gëtt den Hüttenzauber zu Lëtzebuerg zesummen mat lëtzebuergeschen Studenten vun Innsbruck organiséiert, dat eenzegt Event vun den lëtzebuergeschen Studenten aus Eistraich.

Tournoi de Noel

Den Tournoi de Noel, organiséiert vun der ACEL, fënnt all Joer an der Chrëschtvakanz statt, wou all Cercle am Fussball, Basket an Volleyball géinteneen spillt. Op dësem Event sinn mir och ëmmer als Zuschauer gutt vertrueden an suergen ëmmer fir gutt Stëmmung.

Fotoen

Pubquiz

 

 

Um Pubquiz am Wanter- an Summersemester kann jiddereen säin allgemengt Wëssen ënner Beweis stellen. Souwuel eleng wei och an enger Grupp stellt een sech géint déi aneren Studenten. Wärend der Pandemie gouf den Pubquiz online ofgehale.

Fotoen

Ambassade

 

 

All Joer gi mir vum lëtzebuergeschen Ambassadeur zu Wien fir Nationalfeierdag op Ambassade zu Wien agelueden. Do verbrengen mir ëmmer op der offizieller Receptioun een schéinen Nomëtten.  

Fotoen

Saufest

Saufest ass eisen Intercercle den Päischtweekend. Eng ronn 300 Studenten aus all méiglechen Studentestied fann den Wee op Wien fir zesummen een flotten Weekend ze verbréngen. Dat ganzt fänkt mat enger Welcome Party un, fir all déi aner Studenten zu Wien ze begréissen. Den Dag drop geet et op Donau, wou mëttes eng Sau gegrillt gëtt an dann verbréngen mer den Rescht vum Metten zesummen op der Donau. Den 3. an leschten Dag ass ëmmer een kulturellt Evenement geplangt, wou zum Beispill Schlass Schönbrunn besicht gëtt.

Aftermovie 2019

Beachvolley

Demonwéi Päischten fält, ass den Beachvolleyballturnéier am Summer entweder virum oder nom Saufest, den ëmmer groussen Succès huet. Bei guddem Wieder, gudder Laun an enger kaler Erfrëschung gëtt den ganzen Metten Volleyball géinteneen gespillt.

Fotoen

LSW Closing

Um Enn vum Semester, kuerz virun der Examenszäit ass den LSW Closing, wou all LSW Memberen nach eng leschte Kéier zesummen fannen éier d’Examen sinn an et dann rëm zréck op Lëtzebuerg geet.