Studententipp 1: Wiener Linien

Bildergebnis für wiener linien logo

Tipp N°1: Semesterkaart vun den Wiener Linien

D’Netz vun den ëffentlechen Transporter zu Wien gehéiert zu den beschten weltwäit. Et kennt een ganz einfach an schnell vun A op B.

Fir Studenten, ënner 26 Joer, gëtt et déi sougenannten Semesterkaart vun den Wienerlinien. Mat dëser kanns de jeeweils een Semester kräiz an queer duerch Wien fueren, Dag an Nuecht. Un dëser Platz ass unzemierken, datt s du, am Fall vun enger Kontroll, deng aktuell Semesterkaart virweisen muss.

PRÄIS:
D’Semesterkaart kascht fir Studenten, mat Haaptwunnsëtz zu Wien, 75€ an fir Studenten, ouni Haaptwunnsëtz zu Wien, 150€. Unzemierken ass hei datt dëst Präisser vum Online-Kaf sinn. Wann s du der deng Semesterkaart an engem Ticketbüro keefs sinn Präiser 78€ respektiv 156€.

ONLINE:
Du kanns der deng Semesterkaart ganz gemittlech vun doheem aus online iwwert dësen Link: https://www.wienerlinien.at/eportal3/ep/channelView.do/pageTypeId/66526/channelId/-47241 kafen. Dann kanns du der se am Fall datt s de se verléiers ëmmer erëm ausdrécken.

MOBIL:
Et ass awer och méiglech deng Semesterkaart iwwert d’WienMobil-App oder Wiener Linien Ticket-App ze kafen. Sou hues de däin Ticket ëmmer um Handy bei der.

TICKETBÜRO:
Eng weider Méiglechkeet ass et däin Ticket op den Infostellen vun den Wiener Linien ze kafen, hei muss du deng Inskriptiounsbestätgegung vun der Uni allerdéngs mathuelen an fir den Fall dass däin Haaptwunnsëtz zu Wien ass, deng Meldebestätgegung mat huelen. Ënnert dësem Link fënns de all d’Platzen wou s du der däin Ticket kafen kanns: https://www.wienerlinien.at/eportal3/ep/channelView.do?channelId=-46621

GÜLTEGKEET:
Wéi den Numm et seet gëllt d’Semesterkaart ëmmer nëmmen fir een Semester, dat heescht du muss der fir Summersemester bzw. Wantersemester erëm eng nei zouleeë. Deng Semesterkaart ass bei den Wienerlinien folgendermoossen gülteg:
– Wantersemester: vun 01.09-31.01
– Summersemester: 01.02-30.06

KERNZONE:
Deng Semesterkaart ass fir all d’Linnen, souwuel Tram, U-Bahn, Zuch an Bus, innerhalb der Kernzone gülteg. Relevant gëtt dës ominéis Kernzonengrenze fir dech virun allem wann s de gären op den Fluchhafen fiers, dësen läit nämlech sou just hannert dëser Grenz. Dowéinst muss du der, am Fall datt s du mat denger gëlteger Semesterkaart op den Fluchhafen fiers, een zousätzlechen Ticket, fir knapp 2€, kafen. Dofir muss du um Automat däin Ziel (an dësem Fall den Fluchhafen) aginn an op „ab Kernzonengrenze” klicken.
www.wienerlinien.at
Tickets für Studierende | Tickets | Fahrgastinfo | Wiener Linien
Kundenservice | Service | Fahrgastinfo | Wiener Linien

Assign a menu in the Right Menu options.