Fir eisen Memberen Merci ze soen fir den Support um Tournoi de Noel, eisen traditionellen 3. Hallschent Freibeier, mat dem mir gutt an datt neit Joer starten konnten.
27&28.12.2023 LSW goes Tournoi de Noel
Och dëst Joer hunn eis Memberen am Basket, Fussball an am Volleyball matgespillt an hiert bescht ginn. Déi Leit wou do waren fir den Support konnten eis beim Prix de Consomation helefen, den mir wéi al Joers nees zeréck konnten mat op Wien bréngen.
14.12.2023 Stammdësch
Trotz schlechten Wierder e flotten Ofschoss vum Joer 2023 um Wiener Christkindelmarkt.
4.06.2023 Pubquiz
E grousse Merci un jiddereen deen gëschter matgemach huet! Et freet eis, dass sech souvill Equippen ugemellt hunn.
23.11.2023 Beerpong Tournoi
An 2 er Teams konnten d’LSW Memberen sech am Beerpong Tournoi ënner beweis stellen. Mir soen Merci un déi Teams déi matgemaach hunn sou wei och de Leit déi do ware fir de Support.
4.11.2023 Daf
Dësen Weekend hunn ongeféier 60 Erstien hier Daf vum LSW zu Wien gemaach.
Sie waren ënnerenanerem als Astronauten, Babys souwéi och als ABC verkleet fir hiren Rallye duerch Wien ze maachen.
21.10.2023 Welcome Fräibéier
Fir gutt an dat neit Semester ze starten haten mir vergaangenen Samschden eisen Welcome Fräibéier. Et war eng super Stëmmung an mir hoffen dass jiddereen gutt am neien Semester ukomm ass.
21.10.2023 Parlament
No en puer Joer Renovatioun, ass d’Parlament zu Wien rëm zougänglech. Dofir waren mir mat ongeféier 50 Memberen op eng Visitte Guidée duerch dat Renovéiert Parlament. Et war ganz interessant dat impressionant Gebai engkeier funk bannen ze gesinn.
7.10.2023 LSW goes Wiener Wiesn
Mir ware frou dëse Weekend kennen zesumme mat iwwer 100 vun eisen Memberen op den Wiener Wiesn ze verbréngen.
03.10.2023 Stammdësch
Geschter haten mir eisen Ersti Stammdësch am Café Wirr. Den Undrang war grouss an mir freeën eis op en neit spannend Joer mat eisen neien an alen Memberen.
Summersemester 2023
26.08.2023
Lët'z FR/AT
En flotten Nomëtten um Stauséi zu Léifreg hunn mir mat eisen Kolleegen vun der Alus an dem LSI verbruecht.
1.07.2023 Heurigen am Nussberg
Als Ofschloss vum Semester waren mir zesummen mat eisen Memberen op en Heurigen eppes drénken.
23.06.2023 Nationalfeierdag
Fir Nationalfeierdag ze feieren hunn mireng Receptioun am Grand Hotel zu Wien organiséiert.
26-28.05.2023 Saufest Intercercle
Wei all Joers hunn mir och dëst Joer rëm eisentraditionellen Intercercle organiséiert bei dem mir vun Freides bis Sonndes en flotten Programm organiséieren.
18.05.2023 Stammdësch
Och wann Wierder net ganz matgespillt hunn haten mir en flotten Nomëtten mat eisen Memberen.
10.05.2023 LSW meets InCA
Eng Perfekt Méiglechkeet fir dass eis Memberen sech konnten mat eisem Sponsor InCa austauschen an hieren Betrieb besser kennenléieren. Mir soen hinnen Merci.
5.05.2023 BaseCup zu München
Den Basecup ass en Intercercle zesummen mam LSI an dem LSM den dest Joer zu München stattfonnt huet. Hei kennen d‚Memberen an verschiddenen Sportaarten géinteneen untrieden an en flotten Weekend mateneen verbréngen.
18.04.2023 Pubquiz
Den 14 ten Abrell konnten eis Memberen hiert Allgemengwëssen an verschiddenen Kategorien ënner beweis stellen.
14.04.2023 Hüttenzauber
Den Hüttenzauber den mir zesummen mam LSI zu Letzebuerg am Melusina organiséiert hunn war en vollen Erfolleg. Mir hoffe jiddereen huet sech genee sou amuséiert wei mir an ass och nächst Joer nees mat dobäi.
24.03.2023 Beerpong Tournoi
An 2 er Teams konnten d’LSW Memberen sech am Beerpong Tournoi ënner beweis stellen. Mir soen Merci un déi Teams déi matgemaach hunn sou wei och de Leit déi do ware fir de Support.
16.03.2023 Assemblée Génerale
Op eiser Assemblée Générale gouf ënnerenanerem den Comité 23/24 gewielt.
9.03.2023 Stammdësch
Fir eis Erstien hei zu Wien wëllkommen ze heeschen haten mir en Ersti Stammdësch organiséiert, wou si Méiglechkeet haten nei Leit kennenzeléieren.