Bei guddem Wieder fënnt de 14.06 wei all Joers eist Beachvolleyballturnéier statt. Dëst Joer no enger Paus rëm am Sportcenter Donaucity. Treffpunkt ass um 12:45 fir pünktlech mat eise Matcher starten ze kënnen. Sidd also w.e.g. mat Zäiten do.
Fir eng Ekipp opzesëtze musst der minimum zu 4 a maximal zu 7 sinn. Gespillt gëtt 4 vs 4 an d’Netz gëtt op mixed Héicht (2,35m) agestallt. D’Participatioun kascht 30 € pro Ekipp. Mir gesinn eis um Terrain!
Link fir d’Umeldung:
https://forms.gle/sHUKkS7L62LQ6Rsu8
Iwwerweisung op de Kont:
LETZEBUERGER STUDENTEN WIEN ASBL
LU32 0019 7055 5088 1000
BIC: BCEELULL
Kommunikatioun: Numm vun der Ekipp + Beachvolleyball 2026
Opgepasst:
Fir un dësem an aneren Eventer vum LSW deelhuelen ze kënnen, muss ee Member beim LSW sinn! Dat gëllt fir all Spiller vun ärer Ekipp. De Link fir d‘Memberskaart fënns du op Insta am Highlight “Umeldungen” an an eiser Facebookgrupp. D’Memberskaart kascht 20€ an domadder kanns du un all eisen Eventer deelhuelen.
Ären LSW-Comité🐷














