Welcome Party 2026
← All Eventer

Welcome Party 2026

  • Wéini: Freiden, 23. Oktober 2026 · 21:00 – Samschden, 24. Oktober 2026 · 03:00
  • All In Club
    Stadtbahnbögen 90-91, Währinger Gürtel 1, 1090 Wien
    Op der Kaart weisen

Am Kalenner späicheren: Google/iCal / Outlook

Informatiounen zum Event

Léif Memberen,

Wéi et sech fir den Ufank vum Wantersemester gehéiert fënnt freides den 23. Oktober eis Welcome Party am All iN Club (Stadtbahnbögen 90-91, Währinger Gürtel 1) statt💃🕺.

Mir starten vun 21h - 22h mat enger Happy Hour an den Owend, iert et dann ab 22h Fräibéier a Fräispritzer gëtt🥵.

Eis DJs @vagabund an @jeremymassier suerge mat passende Lidder de ganzen Owend fir gutt Stëmmung.

Den Owend kascht 5€ Entrée mat zousätzlechen 2€ Pfand op ärem Becher. Bezuele kënnt dir sur Place mat Cash oder Wero😉

Opgepasst❗️:

Fir un dësem an aneren Events vum LSW kënnen deelzehuelen, muss ee Member beim LSW sinn! Eng Memberskaart kriss du iwwert eis Website. Den direkte Link fënns du op Insta am Highlight “Umeldungen” an an eiser Facebookgrupp. D’Memberskaart kascht 20€ an domadder kanns du un all eisen Events deelhuelen.

Bis deemnächst🫰🏻

Ären LSW-Comité🐷

Go to Top