Samschdeg · 12:30
Wiener Wiesn 2026
- Wéini: Samschdeg, 10. Oktober 2026 · 12:30 – 18:00
-
Wiener Wiesn
Oswald-Thomas-Platz 1, 1020 Wien
Op der Kaart weisen
Am Kalenner späicheren: Google/iCal / Outlook
25.00€
Nëmme fir Memberen
D'Umeldung ass zou.
Informatiounen zum Event
Léif Memberen,
Wéi all Joers geet den LSW nees op d'Wiener Wiesn. Den 10. Oktober hu mir dofir Dëscher am Gösser Zelt reservéiert. Plaze si limitéiert also gëllt et lo sech schnell unzemellen. D‘Umeldung fir dëst Event leeft iwert d‘Website vum LSW. Wannsde den Ticket kaaf hues, krissde eng Mail mat engem QR code dens du eis den Dag selwer virweisen muss. Benotz bei der Bestellung um Site dei selwescht E-Mail Address deis du och fir deng Memberskaart benotzt hues.
Dës Sue kriss du a Form vun engem Consommatiounsbong den Dag selwer nees zeréck.
Wann's du wëlls dobäi sinn, muss du dech bis de 7. Oktober umellen a bezuelen. Bis deen Dag hues du d’Méiglechkeet dech bei eis ofzemellen an deng Suen och rëm zeréck ze kréien. No deem Datum kanns du deng Sue just zeréck kréien, wann eng aner Persoun vun der Waardelëscht noréckelt.
Opgepasst:
Fir un dësem an aneren Eventer vum LSW deelhuelen ze kënnen, muss ee Member beim LSW sinn! De Link fir d‘Memberskaart fënns du op Insta am Highlight “Umeldungen” an an eiser Facebookgrupp. D’Memberskaart kascht 20€ an domadder kanns du un all eisen Eventer deelhuelen🤝.
Mir freeën eis mat iech all zesummen unzestoussen🍻.
Ären LSW-Comité🐷








