Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Welcome Party 2017

13. Oktober 2017 @ 20:00

 

Facebook-Link : LSW Welcome Party

 

Servus zu Wien!

Wat gëtt et Besseres wei den Semesterstart mat enger Party unzefänken? Eng Party mat Fräibéier!

Komm den 13ten Oktober um 20:00 an den Weberknecht mam LSW, neien an alen Memberen op dat neit Semester prosten.

Wann s du also un enger Memberskaart Interesséiert bass, dann mell dech iwwert dësen Formular un: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdqwyfaSX6mDi2EbEmcoodfp-Q3btXR38zNpM769qNBBbbjzg/viewform?usp=sf_link , bezuelen kanns du op der Welcome Party bei eis.

Op der Place hues du dann och d’Méiglechkeet eng LSW Memberskaart, fir 15€, ze kafen. Dës gëllt een ganzt Joer an du kanns domatten op verschiddenen vun eisen Evenementer, wéi zum Beispill der Daf, dem Saufest, Beach Tournoi, Pub Quiz an nach villen aneren, deelhuelen. Ausserdeem erhäls du domadder den LSW Newsletter, sou bass de ëmmer top informéiert iwwert eis Evenementer, Intercercles an villes méi.

Zudeem kanns du dech op der Welcome Party an iwwert den Google Sheet fir eis traditionell Daf, den 4ten November, umellen an dech op een lëschtegen Nomëtten an Owend freeën!

Also komm bis laanscht, léier nei Leit kennen an feier mat eis den Start vum Joer! An denk drun deen éischten ass fir, wann keen Béier méi do ass, dann ass keen méi do.

Ären LSW Comité

Details

Datum:
13. Oktober 2017
Zeit:
20:00
Lëtzebuerger Studenten Wien