Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW goes Wiener Wiesn 2017

7. Oktober 2017 @ 12:00

Facebook-Link : https://www.facebook.com/events/LSW goes Wiener Wiesn

 

Servus Madln an Bubs,

Samschdes den 7ten Oktober huet den LSW 40 Platzen fir iech am Gösser-Zelt um Wiener Wiesn-Fest reservéiert!

D’Platzen sinn limitéiert, doduerch mellt iech schnell ënnert dësem Link un:https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeTCFIAN11ebEoDqVCIPMdF9R3Egc_UBPGMsouVi-d9DhArHg/viewform?usp=sf_lin

Dat ganzt kascht 20€/Persoun, mais keng Angscht, déi Suen kritt der an Form vun Gedrénks- oder Iessbongen den Dag selwer zeréck.

Falls der ee glécklechen vun den éischten 40 sidd, kritt der eng Bestätegungsmail vun eis, mat der Kontosnummer vum LSW an allen weideren noutwendegen Informatiounen. Der hutt 5 Deeg Zäit 20€/Persoun ze iwwerweisen, soss verfält är Platz an et kritt een aneren d’Chance sech unzemellen.

Truecht ass wëllkomm, awer keng Mussesaach.

Wichteg: Fir dëst Evenement muss dir nach keng Memberkaart hunn.

Et sinn 80 Platzen am Gösser-Zelt um Wiener Wiesn-Fest reservéiert soudass all déi déi bis elo (Stand 15.09) op der Waardelëscht waren och matkommen kennen! Dofir kontrolléiert alleguerten är E-Mailen! (och vleit den Spam)

Fir den Fall, dass der keng Email kritt hutt oder Froen hutt, dann zéckt net eis ze froen.

Et funktionéiert nom Prinzip „first come first serve“, mellt iech also séier un,


ären LSW Comité

Details

Datum:
7. Oktober 2017
Zeit:
12:00
Lëtzebuerger Studenten Wien