Lade Veranstaltungen

Facebook-Link : LSW Pub Quiz 4.Editioun

Mir freeën eis iech op déi 4. Editioun vun eisem Pubquiz am Weberknecht (Lerchenfeldergürtel, 49, 1160) den 6. Dezember anzelueden!

Et gëtt an Gruppen vun 3-5 Leit gespillt.
Maximal 15 Ekippen kënnen deel huelen.

D’Deadline fir sech unzemellen ass bis den 01.12 op secretary@lsw.lu per Email.

Matmaachen kënnen nëmmen LSW Memberen.
Natierlech kanns du den Owend selwer awer och nach deng Memberskaart fir 15 € bei eis kafen.

D’Froen dréinen sech em Themen wéi Politik, Sport, Wien, Geographie,…kuerz: Allgemengwëssen!

Also komm laanscht, spill mat an blaméier dech, deng Ekipp an jiddereen, deen dech kennt!

Mier freeën eis,

Ären Comité

Go to Top