- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
LSW Intercercle Saufest 2017
2. Juni 2017 - 5. Juni 2017

Facebook-Link : https://www.facebook.com/events/1479144705459954/
Och dëst Joer invitéiert den LSW déi aner Cerclen erëm op eisen Intercercle ze kommen vum 02.06.2017 bis den 05.06.2017.
Dei komplett Programmpunkten vum Weekend sinn:
02.06.2017: Um 20:00h gëtt et am Morgans een Welcome-Drink am Kader vum Intercercle.
03.06.2017: Ab 12:00h heescht et bereet ze sinn fir eist berühmt berüchtegt Saufest!
04.06.2017: Fir 20:00h ass rendez-vous an der Stiegl-Ambulanz fir d´Ofschlossiessen.
05.06.2017: Oofrees
+++
Präiser fir den Intercercle:
30€ ouni Schloofplaatz (Saufest, Iessen den 04.06, an 1 Welcome-Drink inclus)
10€ just Saufest den 03.06.2017
(Fir aktiv Membren vum LSW ass d´Saufest gratis!)
Wichteg: D´Schlofplatzen sin limitéiert!
+
Unmellen kennt dir iech nach bis den 15.Mai ënnert:
https://docs.google.com/
+++Saufest-2017+++
Dëst Joer treffen mer eis Samschdes fir 12:00h op der nämmlechter Grillplaz wei lescht Joer. Dëst ass Nr. 6.
Am beschten mat der U2 (Donaustadtbrücke) z’erreechen:
https://www.google.de/
Plaatz befënnt sech um lenken Hochwasserschutzdamm op der heischt vum Parkplaz Neue Donau Mitte (zweschen Kaisermühlenbrücke a Donaustadtbrücke, ganz no beim Vienna City Beach Club).
Mir bidden iech och d´Meiglegkeet sur Place een Day-Pass just fir d´Saufest ze kafen fir Leit die net am Kader vum Intercercle zu Wien sin an och keng Memberskaart hun. (10€)
Fir dass der och wësst wat iech op eisem legendären Saufest erwaart, hei eisen Aftermovie 2016: https://www.youtube.com/
D’Gegrilltes & Bäilagen (Zaloten, Brout, Baguetten) soll jiddereen selwer matbréngen. Ketchup a Becheren stellt den LSW.
Dëst Joer wäert dir iech awer och erëm op zwee Spanfierkel vun eiser Säit aus freeën kennen.
Vun Gedrénks hunn mir:
Béier
Wäin (Wäissen & Rosé)
Softdrinks (Waasser, Spruddel & Cola)
Wann gutt Wieder ass huet een d’Méiglechkeet do schwammen ze goen an d’Donau, also d’Schwammsaache net vergiessen.
ären LSW Comité seet merci