Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Beachvolley Tournoi 2017

27. Mai 2017 @ 13:00 - 18:00

Samsdes den 27ten Mee treffen mir eis beim Sportcenter Donaucity (U1, Alte Donau) fir eng weider Editioun vum LSW Beachvolley Tournoi ze starten.
-Lass geet dat ganzt um 13:00, mir bieden iech w.e.g all pünktlech ze sin!
 
!Wann eng Ekipp ze spéit kennt, verléiert se hiren éischten Match!
 
-Géint 18:00 ass den Tournoi eriwwer.
 
Et gëtt an Ekippen vun 4-7 Leit gespillt, woubäi 4 Leit um Terrain aktiv sinn.
 
Et soll awer an all Ekipp opmannst een Meedchen vertrueden sinn!
+Ass dat net den Fall, kritt den Géigner 5 Punkten Virsprong+
 
Umeldung ass bis den 20 Mee 2017 op. Schreift en Mail mat Vir & Nonumm (vun all ären Spiller), Numm vun ärer Ekipp, un sport@lsw.lu. Dono kritt dir eng Bestätegungsmail dass dir dabei sidd.
 
Aus organisatoreschen grënn kennen nëmmen maximal 12 Ekippen deelhuelen.
 
Dat heescht déi éischt sinn vir.
 
Et dierfen nëmmen aktiv Memberen um Tournoi deelhuelen.
 
Falls du keen Member bass, kanns de op der Platz selwer een Day Pass fir 5€ bei eis kafen.
 
D’Auslousung vun den Gruppen fënnt den 26.Mee statt, an gëtt live iwwerdroen iwwer Facebook.
 
 
Weider wichteg Informatiounen:
 
Sportkleeder an een Duch sinn vierdeelhaft.
 
Am Sportskomplex befannen sech och Douchen déi dir nom Tournoi benotzen kennt.
 
Waasser kennt der ouni Problem vum Krunn opfëllen.
 
Mier verkafen och erëm Béier, zu engem studentenfrëndlechen Präis.
 
Denkt drun eppes klenges z´Iessen matzebréngen, géint den klengen Honger.
 
Et ass och net verbueden selwer Gedrénks matzebréngen.
 
Regelen vum Tournoi sinn:
 
1. Den Opschlag muss hannert der Grondlinn gemaach ginn
 
2. Den Opschlag muss an der Equipe dréinen (Positiounen sinn egal)
 
3. Den Opschlag dierf NET geblockt ginn
 
4. Een Netzopschlag zielt
 
5. Wann den Ball Linn bereit ass een dran
 
6. Den Ball muss iwwert Netz tëschent den Markéierungen gespillt ginn
 
7. Den Ball dierf nëmmen kuerz beréiert ginn ( keen matzeihen bzw. “opfänken” )
 
8. Den Ball dierf mat all Kierperdeel gespillt ginn
 
9. Een Block zielt net als Touch (Net wei am Richtegen Beachvolleyball)
 
10. Et dierf een op den Géignereschen Terrain riwertrëppelen, soulaang een den Géigner net hënnert / kennt et allerdéngs zum Kontakt, ass et Foul
 
11. D’Netz dierf minimal beréiert ginn, sou laang den Géigner net behënnert gët
 
12. Et dierf een den Ball nëmmen op senger Säit spillen, mat der Hand iwwergräifen (zb. beim Smash oder Block) ass een Fehler.
 
13. Fairplay
 
Op ee flotten Beachvolley Tournoi!
 
ären LSW Comité

 

Details

Datum:
27. Mai 2017
Zeit:
13:00 - 18:00
Webseite:
https://www.facebook.com/events/162648364262506/
Lëtzebuerger Studenten Wien