Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Saufest 2017

3. Juni 2017 @ 12:00 - 23:59

Facebook-Link: https://www.facebook.com/events/280769889019103/

 

Och dëst Joer organiséieren mir eng nei Editioun vun eisem Saufest den 03.06.2017. Wei schon d´Joer virdrun ass et erëm kombinéiert mat eisem Intercercle vum 02.06.2017-05.06.2017.

Dei komplett Programmpunkten vum Weekend sinn:

02.06.2017: Um 20:00h gëtt et am Morgans een Welcome-Drink am Kader vum Intercercle.

03.06.2017: Ab 12:00h heescht et bereet ze sinn fir eist berühmt berüchtegt Saufest!

04.06.2017: Fir 20:00h ass rendez-vous an der Stiegl Ambulanz fir d´Ofschlossiessen.

+++Saufest-2017+++

Dëst Joer treffen mer eis Samschdes fir 12:00h op der nämmlechter Grillplaz wei lescht Joer. Dëst ass Nr. 6.
Am beschten mat der U2 (Donaustadtbrücke) z’erreechen:
https://www.google.de/maps/dir/48.2114646,16.4394709/48.2185509,16.4288774/@48.2164414,16.4311874,15z/data=!4m2!4m1!3e3

Plaatz befënnt sech um lenken Hochwasserschutzdamm op der heischt vum Parkplaz Neue Donau Mitte (zweschen Kaisermühlenbrücke a Donaustadtbrücke, ganz no beim Vienna City Beach Club).
Fir déi aktiv Memberen vum LSW (Dat heescht déi, déi hier Memberskaart fir d’Joer 2016-2017 bezuelt hun) ass d’Gedrénks deen Dag fräi!
Déi Leit, déi bis elo hier Memberskaart nach net bezuelt hunn, kennen dat den Metten/Owend selwer nohuelen, also keng Panik! Bréngt w.e.g awer d’Suen passend mat. (15€)
Mir bidden iech och d´Meiglegkeet sur Place een Day-Pass just fir d´Saufest ze kafen. (10€)

Fir dass der och wësst wat iech op eisem legendären Saufest erwaart, hei eisen Aftermovie 2016: https://www.youtube.com/watch?v=A3UKh6Fe7vc

D’Gegrilltes & Bäilagen (Zaloten, Brout, Baguetten) soll jiddereen selwer matbréngen. Ketchup a Becheren stellt den LSW.
Dëst Joer wäert dir iech awer och erëm op zwee Spanfierkel vun eiser Säit aus freeën kennen.

Vun Gedrénks hunn mir:
Béier
Wäin (Wäissen & Rosé)
Softdrinks (Waasser, Spruddel & Cola)

Wann gutt Wieder ass huet een d’Méiglechkeet do schwammen ze goen an d’Donau, also d’Schwammsaache net vergiessen.

+++

All Member ass häerzlech agelueden fir en 02.06. an den Morgans ze kommen an een Patt mat eis ze drénken!

Wann dir Interêt huet Sonndes den 04.06. och mat an d´Stiegl Ambulanz iessen ze goen kennt dir iech ënner dësem Link bis den 15.Mai dofir umellen : https://docs.google.com/forms/d/1LuvoATNw6Me9DZDNRacktmy7sZjdy9N1ELONolVnDZc

(WICHTEG: D´Iwwerweisung fir d´Iessen muss bis den 15.05. op eisem Kont angaangen sin)

D´Iessen kascht iech 20€. An deenen 20€ ass och nach een Patt beim Welcome-Drink Freides den 02.06. mat dran. Sonndes am Restaurant den 04.06. muss awer jiddwereen seng Gedrénks selwer bezuelen.

Fir déi Leit déi am Kader vum Intercercle eng oder méi Schlofplazen ubidden ass d´Iessen Sonndes offréiert, wann dir also nach eng Platz hutt mellt iech w.e.g sou séier ewéi méiglech ënnert lsw@lsw.lu
+++

Let´s rock this Saufest!

ären LSW Comité

Details

Datum:
3. Juni 2017
Zeit:
12:00 - 23:59
Webseite:
https://www.facebook.com/events/280769889019103/

Veranstalter

+LSW+
E-Mail:
lsw@lsw.lu
Veranstalter-Website anzeigen

Veranstaltungsort

Saufest
Grillplatz 6, Neue Donau
Wien, Wien 1220 Österreich
Google Karte anzeigen
Lëtzebuerger Studenten Wien