Kategorie 04

Wunnen zu Wien.

Heem, WG oder eege Wunneng: wou sichen, wat kascht et an op wat s de am Kontrakt oppasse muss.

522 €Studentenheem, Ø pro Mount
512 €WG-Zëmmer, Ø pro Mount
674 €Eege Wunneng, Ø pro Mount
Artikel 01

Wou wunnt een am beschten?

Déi beléiwste Bezierker, wat se kaschten a wéi s de dech no denger Uni orientéiers.

Eis perséinlech Erfarung

Am beschten an de Bezierker 1–9 an 12, well vun hei de Stadzentrum gutt zu Fouss erreechbar ass.

LSW-Tipp

  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9

Uni-Viertel

Zentral, deier. Servitenviertel (9.) fir Uni-Noperschaft an Altbau, Freihausviertel (4.) trendy.

  • 10
  • 11
  • 12
  • 15
  • 16

Méi bëlleg a bunt

Favoriten, Simmering, Meidling, Rudolfsheim, Ottakring. Brunnenviertel/Yppenmarkt (16.).

Wann s de et e bësse méi bëlleg wëlls: Außenbezierker ronderëm de Gürtel, zum Beispill de 15. oder 16. Bezierk. Och vun hei ass ee mat den Öffis séier am Zentrum.

  • 2
  • 20

Leopoldstadt & Brigittenau

Jonk, no beim Prater an Donaukanal. Och de WU-Campus ass am 2. Bezierk.

  • 13
  • 14
  • 17
  • 18
  • 19
  • 21
  • 22
  • 23

Äusser Bezierker

Roueg a grouss, méi wäit, awer mat Öffis ok.

Orientéier dech no denger Uni

Kuck wou deng Uni/Fakultéit läit an orientéier dech dorun bei der Wunnengssich. Zum Beispill:

WU Wien

WU-Campusläit am 2. Bezierk
2. Bezierk

Veterinärmedizinische Universität Wien

VetMedläit méi ausserhalb — vill Student:innen wunnen am 21. Bezierk
21. Bezierk
Artikel 02

Heem, WG oder eege Wunneng?

Wat bréngt wat, a wéi eng Wunnform passt bei dech?

Studentenheem

Et ginn allméiglech Heemer zu Wien. A verschiddenen hues de deng komplett eege Wunneng (Kichen, Buedzëmmer, Schlofkummer), an aneren deels du dir d’Kichen mat anere Student:innen. Präisser a Gréissten variéieren staark.

Virdeeler

  • Alles miwwelléiert (och Wäschmaschinn an Trockner)
  • Oft e Fitness (gratis) an Gemeinschaftsräim
  • Oft e Partyraum fir ze lounen (z. B. fir de Gebuertsdag)
  • Fir alles gëtt gesuergt: Wifi, Reparaturen, Problemer
  • Du léiers séier aner Student:innen kennen — besonnesch gutt, wann s de eleng op Wien kënns
  • Kontrakt meeschtens vu Semester/Joer op Semester/Joer verlängerbar → flexibel, net Joren un e Mietvertrag gebonnen

Zwou Klassen

Gemeinnützeg Heemerca. 400 € / Mount

Spann
280–460 € pro Mount
Waardelëscht
kleng Waardelëschte vu 6–12 Méint
Beispiller
home4students, STUWO, Akademikerhilfe, ÖJAB, OeAD …

Wien-Rot: ee Joer (oder méi) virum Studiumsufank bewerben, bei méi Träger parallel.

Kommerziell Heemer500–920 € / Mount

Stil
modern
Waardezäit
méi kuerz
Beispiller
THE FIZZ, Milestone, City Life …
Duerchschnëtt (studium.at)422 € / Mountalles inklusiv
Ab189 € / Mount
Kaution1–2 Mounetsmieten

Heemer: STUWO, Die Zimmerei, The Fizz, Milestone, City Life Appartments (et ginn der vill méi). Servicer an Virdeeler variéieren → informéier dech virum Plënneren.

Rechtlech

Am Heem gëllt net d’Mietrecht (MRG) mee d‘Studentenheimgesetz (StudHG); du hues en „Benützungsvertrag“. Kündigung nëmmen aus 6 gesetzleche Grënn, gratis Schlichtung bei Konflikter, gewielt Heemvertriedung.

WG

Du wees mat wem

Du wees schonn, mat wem s de eng WG grënnen wëlls?

Schreif an d’LSW-Facebookgrupp oder sich op de Plattformen (siehe Artikel 3).

Du sichs Leit

Du sichs Leit fir eng WG ze grënnen?

Schreif an d’LSW-Facebookgrupp, héchstwarscheinlech sinn nach aner Student:innen op der Sich.

Du sichs en Zëmmer

Du sichs e WG-Zëmmer?

Kuck op wg-gesucht.de oder immobilienscout24.at; an der LSW-Facebookgrupp ginn och reegelméisseg WG-Zëmmer vu Lëtzebuerger:innen fräi.

+Virdeeler
  • Käschten deelen
  • Méi Plaz wéi am Heem
  • Matbewunner:in selwer wielen (Casting)
  • Lag fräi wielbar
–Nodeeler
  • Rechtlech méi komplizéiert
  • Konflikter (Botzplang, Kaméidi)
  • Kaution/Ablöse méiglech
  • Bei Mietergemeinschaft haftet ee fir alles

Fir Wien

WGs mat 2–3 Persoune funktionéieren am beschten (och fir d’Wohnbeihilfe, siehe Artikel 4).

Eege Wunneng

+Virdeeler
  • Maximal Privatsphär an Freiheet
–Nodeeler
  • Déi deierst Optioun (Miete + Betriebskosten + Stroum + Internet + Miwwelen)
  • Héich Ufankskäschten (Kaution ca. 3 Monatsmieten, evtl. Ablöse)
  • Keen agebautent Sozialliewen

Rot vu studium.at

ErstiHeem — den einfachsten Start
2./3. SemesterWG oder eege Wunneng

Eege Wunneng lount sech meeschtens eréischt no 1–2 Semester Wien-Erfarung.

Artikel 03

Wunnengssich: wou a wéi?

Plattformen, Facebook-Gruppen an e realisteschen Zäitplang.

Internetsäiten

Tipp

Op de Plattforme kann een „Provisionsfrei“ als Filter uklicken → nëmme Wunnenge vu Privatleit.

Weider Quellen: studium.at (WG-Zëmmer, Wunnengen, „nëmmen vu privat“), ÖH-Wunnengsbörsen, Facebook-Gruppen „WG Zimmer Wien“.

LSW-Facebookgruppen

Facebook

Haaptgrupp

Hei ginn ëmmer erëm Wunnenge vu Lëtzebuerger Student:innen fräi.

Facebook

LSW Willhaben

Ganzt Joer Annoncen: Matbewunner:in gesicht / Wunneng fräi.

Zäitplang

12–24 Méint virum Start

Heem-Bewerbung

Bewerbung an de gemeinnützegen Heemer.

Juli – September

WG-Castings

WG-Castings; kommerziell Heemer (kuerz Waardezäit).

August / September

De Maart ass „brutal“

Fréi zouschloen — Besichtegungsslots si knapp.

Wann s de keng Heem-Plaz hues: déi pragmatesch Optioun ass eng WG.

Rechenexempel: Garçonnière oder WG?

25-m²-Garconniere~875 € / Mount
~35 € / m²
Part vun enger 100-m²-Wunneng zu véier~525 € / Mount
~21 € / m²
WG: ca. 40 % méi bëlleg

Laut studium.at (Live-Inserater), keng offiziell Statistik. Eenzel „WG-Zëmmer“-Inserater si pro m² oft méi deier.

Artikel 04

Wat kascht et?

Realistesch Präisser, wéi eng Provisioun net méi ufält an op wéi eng Hëllef s de Usproch hues.

Präisser

Duerchschnëttsloyer pro Mount, no Wunnform:

Spann (ACEL-Studenteguide)Ø Wien (Sozialerhebung 2025, IHS)
Studentenheem400–700 € · Ø 522 €
WG500–800 € · Ø 512 €
Eege Wunneng / Studio700–1100 € · Ø 674 €

Spann = Schnelliwwersiicht aus dem ACEL-Studenteguide. Ø = Duerchschnëtt Wien aus der Sozialerhebung 2025 (IHS): Wunnheem 522 €, WG 512 €, eege Wunneng eleng 674 €, alles zesummen Ø 596 €.

WG-Zëmmer~632 €Live-Median laut studium.at
Neiverträg (25 m²)700–950 €op dem fräie Maart, realistesch
Wohnkäschte~39 %vum Budget am Schnëtt

Kaution

WG / Wunneng3 Monatsmietenüblech 3, maximal 6 Brutto-Monatsmieten
Studentenheem1–2 Monatsmieten

Provisioun

Bestellerprinzip1. Juli 2023Zanter dësem Datum gëllt dat an Éisträich.
Zanter Juli 2023 muss de als Mieter normalerweis keng Maklerprovisioun méi bezuelen. Nëmmen deen, deen de Makler als Éischt beoptragt huet, bezilt d’Provisioun — normalerweis de Vermieter. Wann s de op en Inserat vun engem Makler äntwers, muss s de net bezuelen (AK Wien).

Mieter bezuelen nëmmen nach, wann se de Makler selwer mat enger Sich beoptragt hunn. Et gëtt awer Sträitfäll (Ëmgehungsversuch, wou de Mieter d’Beweislaascht huet) → gëtt trotzdem eng „Provisioun“ verlaangt, fro bei der AK Wien oder der Mietervereinigung no.

Wohnbeihilfe Wien

E monatleche Zuschoss zum Loyer vun der MA 50. Si gëtt net automatesch bezuelt — du muss se aktiv beantragen.

Viraussetzungen (Stand 2026)

Mindesteinkommen1.229,89 €pro Mount · + 491,95 € mat Partner:in · + 1.229,89 € pro weideren Erwuessenen
Max. ugerechent8,67 € / m²
Wunnengsgréisst60 m²1 Persoun · 75 m² fir 2 Persounen (+ 10 m² pro weider Persoun)
  • Hauptwohnsitz zu Wien
  • Du stees am Mietvertrag (reng Untermiete zielt net)
  • Kann parallel zur Studienbeihilfe bezu ginn
+Zielt als Akommes
  • Erwerbseinkommen
  • Studienbeihilfe
  • Stipendien
  • Ënnerstëtzung vun den Elteren
–Zielt net als Akommes
  • Familienbeihilfe
  • Familienbonus

Heem & WG

  • Net am Studentenheem (kee Mietverhältnis).
  • An enger WG nëmmen, wann s de am Mietvertrag stees; d’Akommes vun allen Bewunner gëtt zesummegerechent → ab 4 Erwuessene meeschtens net méiglech.

Antrag

  1. 01

    Wou

    Online op mein.wien.gv.at, per Mail (wohnbeihilfe@ma50.wien.gv.at) oder bei der MA 50.

  2. 02

    Wéini

    Antrag bis den 15. vum Mount → Beihilfe ab dem 1.; bis zu 4 Méint réckwierkend.

  3. 03

    Dokumenter (PDF)

    • Ausweis
    • Mietvertrag
    • Akommesnoweiser
    • evtl. Ënnerstëtzungserklärung vun den Elteren mat Zuelungsbeleeg

Gutt ze wëssen

Net all Lëtzebuerger:in erfëllt d’Viraussetzungen — zéck net nozefroen.

Artikel 05

Kontrakt & Rechter

Hauptmiete, Untermiete, Heemvertrag — op wat s de oppasse muss, ier s de ënnerschreifs.

Dräi Gesetzer

MRGMietrechtsgesetz

Altbau, geförderten Neibau.

Voll Schutz

ABGBAllgemeines Bürgerliches Gesetzbuch

Haus, Gebai mat max. 2 Wunnengen.

Kaum Schutz

StudHGStudentenheimgesetz

Studentenheem.

Fir Heemer

Hauptmieter oder Ënnermieter?

Fir WG-Zëmmer ëmmer klären: Hauptmietvertrag, Untermietvertrag oder Mietergemeinschaft? D’MRG-Schutz vum Ënnermieter hänkt vum Hauptmietvertrag of. Bei Mietergemeinschaft: Gesamtschuldnerschaft — ee kann fir alles haften.

Befristung (MRG)

Eng Befristung muss schrëftlech sinn. Mindestdauer:

Privat Vermieter3 Joer
Hausverwaltung / Firma5 Joer

Do driwwer gëllt de Kontrakt als onbefristet. Kënnegung duerch dech: nom 1. Joer mat 3 Méint Frist zum Ënn vum Mount.

Kündigungsschutz

De Vermieter däerf nëmmen aus gesetzleche Grënn kënnegen (z. B. Zuelungsréckstand, Eegenbedarf).

Studentenheem-Vertrag

Frist meeschtens 2–3 Méint; Heemvertrag vun 10 oder 12 Méint.

Beroder

AK Wiengratis Mietrechtsberodung · gratis Musterverträg
↗
ÖHgratis Wohnrechtsberodung
↗
Schlichtungsstellen

Versécherung

Haushalts-/Haftpflichtversécherung ass sënnvoll mee net Pflicht. Fro als éischt bei dengen Elteren no (Altersgrenz meeschtens 25–27, een Zëmmer am Heem zielt als „net eegenen Haushalt“, bei enger WG hänkt et vum Ubidder of).

Wichteg

Dëst ass keng Rechtsberodung — am Zweiwelsfall AK oder Mietervereinigung.