Informatiounen/Unien & Studium

Kategorie 01

Unien & Studium.

Wien bitt 25+ ëffentlech Universitéiten, Fachhéichschoulen a privat Universitéiten. Hei fënns du, wat s du fir d’Umeldung brauchs — mat Schrëtt, Fristen a Kontakter.

25+Unien & Hochschoulen zu Wien
197.874Student:innen (2024/2025)
26,20 €ÖH-Beitrag pro Semester
Allgemeng

Informatiounen fir ze studéieren

Andeelung vum Studiejoer

Wantersemester1. Oktober – 31. Januar

De Februar ass „Vorlesungsfrei“, dat heescht awer net dass keng Examen oder Abgabe kënne sinn.

Summersemester1. Mäerz – 30. Juni

Vum 1. Juli bis den 30. September ass „vorlesungsfreie Zeit“, awer och hei rëm kënne wärend der Zäit Prüfungen oder Abgabe sinn.

ÖH-Beitrag

Den ÖH-Beitrag läit fir EU-Student:innen, also och fir d’Lëtzebuerger:innen, bei 26,20 € pro Semester. ÖH steet fir „Österreichische HochschülerInnenschaft“. Een Deel vun de Suen fléisst an ÖH-Accident-an Haftpflichtversecherung, mat däers de wärend dengem Studium op der sécherer Säit bass. E weideren Deel vun de Suen geet un d’Bundesvertriedung an de Rescht geet un déi eenzel Héichschoulvertriedungen. Hei fënns de méi Informatiounen iwwert den ÖH-Beitrag, respektiv iwwert ÖH selwer.

Dës Dokumenter brauchs de fir dech op der Uni anzeschreiwen

  • Première- oder Treizièmesdiplom op Däitsch oder Englesch
  • all deng Diplomer/Sammelzeugnisser wann s de scho studéiert hues
  • Carte d’identité oder Pass (separat als PNG oder JPEG eropzelueden)
  • Passfoto fir d’Studentekaart (separat als PNG oder JPEG eropzelueden)

Wichteg

Dëst ass normalerweis fir op den Haaptunien (Uni Wien, TU Wien, WU) iwwerall selwecht. Fir sécher ze sinn, kucks de awer am beschten nach eng Kéier um Site vun denger Uni no! Et soll ee kucken rechtzäiteg op Wien ze kommen, fir sech op der Uni unzemellen.

Öffentlech Uni

Universität Wien

D’Uni Wien ass déi eelsten Uni am däitschsproochege Raum. 2015 huet d’Universitéit hire 650. Gebuertsdag gefeiert. Si ass och déi gréissten Universitéit zu Wien mat ~89.000 Student:innen.

Student:innen~89.000
Studiegäng~190
ÖH-Beitrag26,20 €
Opnahmetest-Gebühr50 €

D’Uni bitt de Student:innen ~190 ënnerschiddlech Bachelor-, Diplom an Masterstudiëgäng. Umelle kann een sech op dëser Uni vu Juli – September fir d’Wantersemester, an November – Januar fir d’Summersemester. Wichteg heibäi ass, dass net all Studienrichtung a béide Semester ugefaange ka ginn.

Haaptstudienrichtungen

  • Betriebswirtschaft
  • Publizistik- und Kommunikationswissenschaft
  • Rechtswissenschaften
  • Politikwissenschaft
  • Sprachwissenschaften
  • Philosophie
  • Psychologie
  • Pädagogik
  • Soziologie
  • Sportwissenschaft
  • Geschichte
  • Geographie
  • Biologie
  • Ernährungswissenschaften
  • uvm.

Hei fënns de all d’Studiegäng.

Opnamexamen

Et ginn e puer Fächer, fir déi een en Opnamexamen absolvéiere muss. Eng Lëscht mat de verschiddene Studierichtunge kann een op der Internetsäit vun der Uni fannen. Ënnert anerem gehéieren zu dëse Fächer:

  • Betriebswirtschaft
  • Volkswirtschaftslehre
  • Biologie
  • Pharmazie
  • Ernährungswissenschaft
  • Informatik
  • Wirtschaftsinformatik
  • Psychologie
  • Publizistik- und Kommunikationswissenschaft
  • Sportwissenschaft

Umeldungsschrëtt

  1. 01

    Erstanmeldung

    Wann s du nach ni op der Uni Wien studéiert hues, muss du dech als 1. online umellen, wou s de deng Donneen ugëss an dech sou op der Uni registréiers.

  2. 02

    „Reifezeugnis“ virleeën

    Wann s du d’Erstanmeldung gemaach hues, brauchs du just nach däi Premières- oder Treizièmesdiplom virzeleeën a scho bass du op der Uni Wien ugemellt.

  3. 03

    Wann s du awer fir däi Studium een Opnahmeverfahren maache muss, muss du nach folgend Punkten erfëllen

    • een Online-Self-Assessment (OSA) maachen
    • folgend Dokumenter virbereeden: Carte d’identite als PNG oder JPG scannen (vir an hannen), Première/Treizièmesdiplom op Däitsch oder Englesch
    • u:space Account erstellen (dee brauchs de och wärend dengem Studium, dowéinst muss de der d’Zougangsdaten verhalen)
    • op u:space muss de d’Régistreierung ofschléissen, däi Studium auswielen, deng Dokumenter eroplueden an den OSA-Code aginn
    • dann op „Weiter zur Antragstellung“ klicken an alles iwwerpréiwen
    • dann op „Bezahlung und Antrag stellen“ klicken an 50 € bezuelen
    • da kanns de der „Testliteratur an Beispillaufgaben“ eroflueden, fir dech op den Opnahmetest virzebereeden
    • circa 2 Wochen virum Test kriss du all d’Detailer per Mail geschéckt
    • circa 2 Wochen nom Test kriss de däi Resultat an du bass fir däi Studium zougelooss, wann d’Resultat positiv ass
    • da muss de der ee Rendezvous iwwert den „Terminvereinbarungs-Tool“ huelen, deen dann online stattfënnt
    • da muss de nach den ÖH-Beitrag bezuelen a wann deen ukomm ass da kanns de deng Studentenkart um u:space bestellen

    Hei fënns du nach eng Kéier all d’Detailer fir d’Zulassungsverfahren.

  4. 04

    Umeldung fir deng Fächer

    Wann s du dech erfollegräich ugemellt hues, kanns du dech fir deng eenzel Lehrveranstaltungen umellen. Dëst kanns du iwwert u:find maachen an am Vorlesungsverzeichnis fënns du Informatiounen iwwert Lehrveranstaltungen.

Fristen

Bachelor- an Diplomstudien ouni OpnahmeverfahrenHei fënns de weider Detailer.
Summersemester 2027November – Januar
Wantersemester 2026/27Juli – September
Bachelor- an Diplomstudien mat OpnahmeverfahrenHei fënns de weider Detailer.
Zulassungsfristno der Bekanntgab vun de Resultater den 31. Oktober
Stand: Oktober 2026

Weider hëllefräich Links

Fakultäten & Zentrenwichteg Informatiounen zu de Fakultéiten, etc.

↗

Zentraler InformatikdienstInformatiounen a Login fir d’Student-email Adresse vun der Uni Wien, souwéi Problemer mam Student-Account

↗

AdressUniversitätsring 1
A-1010 Wien
Telefon(0043) 01-4277-0

Technesch Uni

TU Wien

D’TU Wien ass déi gréissten technesch Uni an Éisträich mat 26.000+ Student:innen. Si gouf 1815 vum Keeser Franz I. gegrënnt, fir Ingenieure fir de Militär, de Biergbau an de Bau auszebilden.

Student:innen26.000+
Studiegäng50+
Gegrënnt1815
ÖH-Beitrag26,20 €

TU Wien bitt 50+ Studiegäng un. Dorënner falen ënnerschiddlech Bachelor- a Masterstudiegäng. D’Umeldung leeft fir d’Wantersemester vun Juli – September a fir d’Summersemester vu Januar – Februar.

Haaptstudierichtungen

  • Architektur
  • Bauingenieurwesen
  • Elektrotechnik
  • Informatik
  • Maschinenbau
  • Mathematik
  • Physik
  • uvm.

Hei fënns de all Studiengäng.

Umeldung

Als Lëtzebuerger:inn mat engem Première/Treizièmes Diplom ass deng Umeldung méi einfach wëlls de etlech Ënnerlagen net areeche muss.

  1. 1a

    Studium mat Opnahmverfahren

    Informatik, Architektur a Raumplanung und Raumordnung:

    • Online Registréierung bei TISS
    • Motivatiounsschreiwes
    • schrëftleche Reihungstest (wa méi Leit e Motivatiounsschreiwes agereecht hu wéi Plaze sinn)
  2. 1b

    Studium mat Studien-VoR-Phase

    • Online Registréierung bei TISS
    • Rendezvous an der Studienabteilung maachen
  3. 02

    Perséinlech Aschreiwung an der Studienabteilung

    Dofir brauchs du folgend Dokumenter:

    • däi Premiere/Treizièmes Diplom
    • Carte d’identité

    Hei fënns de nach eng Kéier all d’Detailer.

  4. 03

    ÖH-Beitrag bezuelen

    Fir deng Umeldung ofzeschléisse, muss du den ÖH-Beitrag bezuelen, deen am Moment bei 26,20 € läit. Da kriss du den Zougang zu TISS, wou s de der ee Konto erstelle muss. Schlussendlech kriss de och deng Studentekaart op deng éisträichesch Adress wann s de déi uginn hues, wann net da muss de se eng Kéier am ZIB-Zentrum ofhuelen.

Fir e puer Studiegäng ginn et Opnahmverfahren, wéi Informatik a Wirtschaftsinformatik, Architektur a Raumplanung. Bei dëse Studiegäng sinn d’Umeldungen fir d’Wantersemester dann och schon am Abrëll zou. Meeschtens muss een hei e Motivationsschreiwen aschécken a wann sech ze vill Leit ugemellt hunn, da gëtt ee Reihungstest gemaach, dee Mëtt August stattfënnt.

Fristen

Summersemester 2027 · Allgemeng ZulassungsfristJanuar – Februar
Wantersemester 2026/27 · Allgemeng ZulassungsfristJuli – September
Stand: Oktober 2026

Self-Assessment

TU Wien bitt ee Self-Assessment Test un, fir rauszefannen op s de wierklech dat richtegt Studium fir dech rausgesicht hues. Dësen Test huet keen Afloss op deng Zouloossung, ass anonym an net obligatoresch.

AdressKarlsplatz 13
A-1040 Wien
Telefon(0043) 01-58801-0
Wirtschaft

WU Wien

D’Wirtschaftsuniversitéit vu Wien ass 1898 gegrënnt ginn an ass eng staatlech Universitéit, mat ~21.000 Student:innen. Si ass als eng vun de beschte Business Schools an Europa klasséiert.

Student:innen~21.000
Bachelorstudiëgäng3
Masterstudiëgäng~15
ÖH-Beitrag26,20 €

De fonkelneien a moderne Campus um Prater vun der WU gouf vu 6 bekannten Architektebüroen aus der ganzer Welt gebaut an ass säit 2017 op. D’WU ass déi gréissten Uni, déi sech op Business an Ökonomie fokusséiert. Well d’Uni international sou gutt unerkannt ass, ass och bal d’Hallschent vun de Studiegäng op Englesch, virun allem am Master. Säit 2013 ass e sougenannten Einstiegstest agefouert ginn, fir de Student:innen en organiséierten Studium garantéieren ze kënnen.

Haaptstudienrichtungen

Wirtschafts- und Sozialwissenschaftenmat 4 Studienzweige: Betriebswirtschaft, Internationale Betriebswirtschaft, Volkswirtschaft und Sozioökonomie und Wirtschaftsinformatik

↗

Umeldung

  1. 01

    Online Registréierung

    Ab Januar bis Februar 2027 kanns du dech online ënnert dem sougenannten „Registrierungstool“ umellen a 50 € bezuelen. Éiers du dës Registrierungsgebühr bezils, gëtt recommandéiert den Online-Self-Assessment Test ze maachen, deen der bei der richteger Entscheedung fir däi Studium hëllefe kann.

  2. 02

    Opnahmverfahren

    E puer Deeg nom Februar 2027 gëtt ee gewuer, ob een Opnahmverfahren stattfënnt oder net. Een Opnahmverfahren fënnt statt, wa sech méi Leit umellen, wéi Plaze sinn.

    Wann een Opnahmverfahren stattfënnt, da muss ee den Online-Self-Assessment (OSA) Test machen (awer just wann s de den Test nach net bei der Registréierung gemaach hues). Dësen Test gëtt net bewäert an huet soumat keen Afloss op deng Umeldung.

  3. 03

    Schrëftlech Aufgabenstellung / Essay / Online Examen (jee no Studium)

    Wa méi Leit den OSA Test gemaach hunn, wéi Studienplazen fräi sinn, da muss du nach eng schrëftlech Aufgabestellung/en Essay ofginn.

    Beim Online Examen gi follgend Saachen gefrot respektiv getest:

    • deng Engleschkenntnisser
    • däin onofhängegt Wëssen
    • deng Mathéskenntnisser
  4. 04

    Zulassung

    Ab ca. 2 Wochen virun der allgemenger Zulassungsfrist, kanns du dir online ee Rendezvous huelen (wann s du bei engem Opnahmverfahren matgemaach hues, ass dëst réischt méiglech, wann s de däi positiivt Resultat krus). Follgend Dokumenter brauchs du:

    • „Antragsformular“ ausfëllen
    • eng digital Foto vun dir fir deng Studentenkaart, déi s de eroplueden muss
    • däi Première/Treizièmesdiplom
    • deng Carte d’identité oder däi Pass
    • eng Kopie vun dësen Dokumenter

    Dës Weidere muss du den ÖH-Beitrag bezuelen: 26,20 €.

Fristen

Summersemester 2027 · Allgemeng ZulassungsfristJanuar – Februar
Nachfristdu muss 10 % vum Studienbetrag bezuelen

September – November

Stand: Oktober 2026
AdressWelthandelsplatz 1
A-1020 Wien
Telefon(0043) 01-31336-0
Internetwww.wu.ac.at

Medizin

MedUni Wien

Mat 8.000+ Student:innen ass d’Meduni déi gréisste Medezin-Uni am däitschsproochege Raum. Op dëser Universitéit kann een Humanmedezin an Zännmedezin studéieren.

Student:innen8.000+
Plazen Humanmedezin704
Plazen Zahnmedezin80
MedAT-Umeldung130 €

D’Medizinische Universität Wien ass déi gréisste Medezin-Uni an Éisträich an ass eng vun de wichtegste Fuerschungsinstitutiounen a ganz Europa. D’Meduni Wien stellt ausserdeem immens vill Personal fir d’Wiener AKH (Allgemeines Krankenhaus). D’Uni huet insgesamt 30 Universitéitskliniken, 3 klinesch Instituter, 12 medezinorientéiert Zentren an eng grouss Unzuel un héichspezialiséierte Laboen.

Fir op der Meduni Human- oder Zahnmedizin studéieren ze kënnen, muss een den Opnahmetest MedAT schreiwen a bestoen, respektiv sech géint d’Konkurrenz duerchsetzen an e méiglechst héicht Resultat erzielen. All d’Informatiounen zum MedAt Test, de Fristen an Terminer ginn ab Enn Januar/Ufank Februar op dëser Säit publizéiert: www.medizinstudieren.at.

Studien

Op der MedUni Wien kanns du Humanmedezin an Zahnmedezin studéieren. meduniwien.ac.at/web/studium-weiterbildung

Umeldung

  1. 01

    Online Umeldung

    Ënnert dësem Link kanns du dech fir d’Opnahmeverfahren umellen.

  2. 02

    Umeldungsbestätegung

    Du kriss eng Umeldungsbestätegung per Mail geschéckt mat enger 7-stelleger Bearbeschtungsnummer fir de Login fir an de MedAt-Account eranzekommen.

  3. 03

    Bezuelen am MedAt-Account

    Am MedAt-Account muss du 130 € bezuelen an du fënns do weider Informatiounen zum Opnahmverfahren, wéi zum Beispill deng Resultater. Soulaang s du net bezuelt hues, kanns du deng Umeldung nach ëmmer zréck zeien oder zum Beispill däi Studienort änneren.

  4. 04

    Perséinlech Umeldung

    Innerhalb vun den Zulassungsfristen muss du dech perséinlech an d’Studienabteilung vun der MedUni Wien umelle goen.

Opnahmexamen

Wéini?

Datum vum Opnamexamen: 3. Juli 2026 — ënner der Konditioun, dass du dech online ugemellt hues an déi 130 € bezuelt hues. Solls du den Opnamexamen awer net schreiwe wëllen, hues du kee Recht drop, d’Suen zréck ze kréien.

Den Dag vum Examen muss du vun 8h00 bis 17h00 present sinn. Et kann awer och bis 18h00 daueren. Informatiounen zu denger Sëtzplaz etc. kanns du op dengem MedAt-Account normalerweis ab der 27. Kalennerwoch nokucken an ausprinten.

Zousatzprüfung

Et ka sinn, dass du nach eng Zousazprüfung schreiwe muss, wann zum Beispill deng Lateinkenntnisser net gutt genuch sinn. Hei fënns du méi Informatiounen dozou.

Wichteg!

Als Lëtzebuerger:in gehéiert een zur Éisträicher-Quote! Dëst ass fir dech zum Virdeel, well vill Bewerber aus aneren EU-Länner méi schlecht Quoten hunn.

Virbereedung

Hei fënns du d’Matière déi fir den Humanmedezintest gefrot gëtt an hei fir den Zahnmedezintest. Ënnert dësem Link kanns du dech aloggen, fir Virbereedungsënnerlagen ze kréien.

D’Léieren fir den Test ass jidderengem selwer iwwerlooss. Mir roden dir un den Biologie-, Chimie-, Physik- an Mathematikstoff vum der Première ze widderhuelen (virun allem och op Däitsch), awer och déi offiziell Ënnerlagen (Stichwortlisten, Online-Tests, etc.) ganz genau unzekucken an den Stoff ze léieren. Den Opnahmetest entwéckelt sech vu Joer zu Joer weider, dowéinst kënnen nei Übungen dobäi kommen, d’Zäit vun den eenzelnen Deeler oder d’Punkteverdeelung variéieren. Dowéinst rode mir dir un, dat virum Test nozesichen an dech gutt z’informéieren (Erfarungsberichter sinn och ni schlecht). Wichteg: Den Test fir d’Zahnmedezin ass en aneren wéi deen fir d’Humanmedezin!

Oppassen: Et gi ganz vill verschidden Übungsbicher, Intensivcouren etc. Do onbedéngt Rezensiounen a Bewäertungen liesen, fir ze vermeiden, onnéideg Suen auszeginn.

D’Resultat kriss du zum Schluss vun der 33. Kalennerwoch. Zu Wien ginn et 704 Plazen fir Humanmedezin an 80 Plazen fir Zahnmedezin. Fir ugeholl ze ginn, muss du ënnert den 704 respektiv 80 Beschten sinn.

MedAT – Opbau

Beispill fir den Opbau vum Opnahmetest (Broschür 2025). Prozenter an Zuel vun den Aufgaben kënne sech vu Joer zu Joer änneren — kuck ëmmer op medizinstudieren.at no.

MedAT-H · Humanmedizin

BMS (Bio, Chemie, Physik, Mathematik) 40%
40 Aufg.: Biologie · 24 Aufg.: Chemie · 18 Aufg.: Physik · 12 Aufg.: Mathematik
KFF (Kognitive Fähigkeiten & Fertigkeiten) 40%
15 Aufg.: Figuren zusammensetzen · 8 Ausweise: Merkfähigkeit (Einprägephase) · 25 Aufg.: Merkfähigkeit (Abrufphase) · 10 Aufg.: Zahlenfolgen · 10 Aufg.: Implikationen erkennen · 15 Aufg.: Wortflüssigkeit
SEK (Sozial-emotionale Kompetenzen) 10%
12 Aufg.: Emotionen regulieren · 14 Aufg.: Emotionen erkennen · 14 Aufg.: Soziales Entscheiden
TV (Textverständnis) 10%
12 Aufgaben

MedAT-Z · Zahnmedizin

BMS (Bio, Chemie, Physik, Mathematik) 40%
40 Aufg.: Biologie · 24 Aufg.: Chemie · 18 Aufg.: Physik · 12 Aufg.: Mathematik
KFF (Kognitive Fähigkeiten & Fertigkeiten) 30%
8 Ausweise: Merkfähigkeit (Einprägephase) · 25 Aufg.: Merkfähigkeit (Abrufphase) · 15 Aufg.: Figuren zusammensetzen · 15 Aufg.: Zahlenfolgen · 15 Aufg.: Wortflüssigkeit
SEK (Sozial-emotionale Kompetenzen) 10%
10 Aufg.: Soziales Entscheiden · 10 Aufg.: Emotionen erkennen
MF (Manuelle Fähigkeiten) 20%
3 Aufg.: Draht biegen · 5 Aufg.: Formen spiegeln

Fristen

Online Umeldung an BezuelenAllgemeng Zulassungsfrist fir d’Wantersemester 2026/27

2.03.2026 – 31.03.2026

Wantersemester 2026/27 · Allgemeng Zulassungsfrist6. Juli – 5. September 2026
Wantersemester 2026/27 · Nachfrist6. September – 31. Oktober 2026
Summersemester 2027 · Allgemeng Zulassungsfrist8. Januar – 5. Februar 2027
Summersemester 2027 · Nachfrist6. Februar – 31. März 2027
Stand: Oktober 2026
AdressSpitalgasse 23
A-1090 Wien
Telefon(0043) 01-40160-0

Weider Hochschoulen

Weider Unien

Nieft dëser Auswiel vun Universitéiten zu Wien, ginn et nach vill weider Universitéiten an Fachhéichschoulen an der éisträichescher Haaptstad.

Veterinärmedizinische Universität

D’Haaptrecherchë vun dëser Uni sinn am Beräich vun der Veterinärmedizin, dem ëffentleche Gesondheetswiesen an der Sécherheet vun de Liewensmëttel. Baséiert gëtt sech hei op d’Wuelbefanne vun den Déieren, d’Déierenhaltung an den Déiereschutz.

Studiegäng (mat Opnahmverfahren)

  • Veterinärmedizin
  • Pferdewissenschaften
  • Biomedizin und Biotechnologie
Veterinärplatz 1 · A-1210 Wien
Tel.: (0043) 01-25077-1090
www.vetmeduni.ac.at

Universität für Bodenkultur

Hei ginn erneierbar Ressourcen am Zesummenhang mat Naturwëssenschaften, Technik an Ekonomie erfuerscht. Fir de Bachelor kann een ënnert enger Rei vu Studiëgäng entscheeden.

Haaptstudienrichtungen (deelweis mat Opnahmverfahren)

  • Agrarwissenschaften
  • Lebensmittel- und Biotechnologie
  • Forstwirtschaft
  • Landschaftsplanung und Landschaftsarchitektur
  • Umweltingenieurwissenschaften
  • etc.

Hei fënns du all Studiegäng.

Gregor Mendel Strasse 33 · A-1180 Wien
Tel.: (0043) 01-47654-0
www.boku.ac.at

Universität für Musik und darstellende Kunst

Dës Universitéit ass déi gréisste Konschtuni an Éisträich an déi gréisst Museksuni op der Welt. Hei studéieren 3000 Student:innen Komposition und Musiktheorie, Dirigieren, Tonmeister, Instrumentalstudium, Kirchenmusik, Pädagogische Studien, Gesang und Musiktheaterregie, Darstellende Kunst oder Film und Fernsehen.

Haaptstudienrichtungen (mat Zulassungsprüfung)

  • Musiktherapie
  • Komposition
  • Dirigieren
  • Lehramtstudien
  • Musikpädagogik
  • Film und Fernsehen
  • darstellende Kunst
  • etc.

Hei fënns du all Studiegäng.

Anton-von-Webern-Platz 1 · A-1030 Wien
Tel.: (0043) 01-71155
www.mdw.ac.at

Universität für angewandte Kunst

“Die Angewandte” ass d’Nummer 1 fir kënschtleresch a wëssenschaftlech Recherchen a steet regelméisseg an Zesummenarbescht mat de weltwäit wichtegste Konschtinstitutiounen. Hei huet een de Choix tëschent: Architektur, Art & Science, Bildende Kunst, Sprachkunst an nach villes méi.

Haaptstudienrichtungen (mat Zulassungsprüfung)

  • Architektur
  • Design
  • Bildende Kunst
  • Medienkunst
  • Kulturwissenschaften
  • Kunstpädagogik
  • etc.

Hei fënns du all Studiegäng.

Oskar Kokoschka-Platz 2 · A-1010 Wien
Tel.: (0043) 01-71133-0
www.dieangewandte.at

Akademie der bildenden Künste

Op dëser Konschtuniversitéit gëtt engem d’Léieren an d’Recherchéieren duerch verschidden ästhetesch Phenomener a Wierker bäibruecht. D’Praxis an d’Denkformen erhält een a verschiddene Bachelorstudiëgäng.

Haaptstudienrichtungen (mat Zulassungsprüfung)

  • Architektur
  • bildende Kunst
  • Bühnengestaltung
  • Konservierung und Restaurierung
  • künstlerisches Lehramt
  • etc.

Hei fënns du all Studiegäng.

Schillerplatz 3 · A-1010 Wien
Tel.: (0043) 01-58816-0
www.akbild.ac.at

Pädagogische Hochschule

Op dëser Uni studéiert een an engem modernen an kreativem Emfeld. Am beléifsten ass de Studium Lehramt, deen och zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt. Dëse Studiegang ass ab dem éischte Semester praxisorientéiert.

Grenzackerstraße 18 · A-1100 Wien
Tel.: +43 1 601180
www.phwien.ac.at

Eng Lëscht mat all dësen Institutiounen kann een ënnert follgendem Link fannen: www.studieren.at/wien-studien-unis-fhs.

Sport

Sport Institut Wien

D’Universitätssportsinstitut (USI) Wien bitt eng grouss Unzuel u Sportaarten un, vu Fussball a Basket iwwert Pilates a Yoga bis zu verschiddenen Danzaarten oder Schilaanglaf. Do ass also sécher eppes fir jiddereen dobäi an dat ganzt och nach zu studentefrëndleche Präisser.

Umeldunge fir d’Wantersemester fänke Mëtt September un. Fréi u sinn lount sech, well verschidde Sportaarten ewéi Fussball sinn innerhalb vu wéinege Minutten ausgebucht. Dowéinst rode mir dir un, dech schon am Viraus gutt z’informéieren, fir bei der Umeldung nëmme keng Zäit ze verléieren. Dat ganzt Kursangebot a weider Informatiounen fenns s du op hirer Internetsäit: www.usi.at.

AdressAuf der Schmelz 6A
1150 Wien
Telefon+43 1 427717001
Internetwww.usi.at