Kategorie 02
Heefeg gestallte Froen.
D’Froen déi eis all Joers rem gestallt ginn — kuerz an direkt beäntwert. Wann s de méi wësse wëlls, féiert dech ënnert all Äntwert e Link op déi ganz Versioun.
Probéier en anert Wuert oder frot eis direkt — de Comité hëlleft gär.
Studium & Umeldung
01Wéini fänkt d’Semester un a wéini sinn d’Vakanzen?
Am Februar a vum 1. Juli bis den 30. September ass „vorlesungsfreie Zeit“ — Examen oder Abgaben kënnen awer trotzdeem an dës Zäit falen.
02Wéi vill kascht den ÖH-Beitrag?
26,20 € pro Semester (Stand Wantersemester 2026/27), fir jiddereen, och fir Lëtzebuerger:innen. Dovu ginn 0,70 € an eng Accident- an Haftpflichtversécherung. De Beitrag gëtt all Joer un de Verbraucherpreisindex ugepasst.
03Muss ech Studiegebühre bezuelen?
Als EU-Bierger:in bezils du un ëffentlechen Unien nëmmen den ÖH-Beitrag, sou laang wéi s de an der Regelstudienzäit plus 2 Toleranzsemester bass. Doriwwer eraus kascht et 363,36 € pro Semester (plus ÖH-Beitrag). FHs a Privatunien hunn eege Gebühren.
04Wéi eng Dokumenter brauch ech fir mech op der Uni anzeschreiwen?
- Première- oder Treizièmesdiplom (Däitsch oder Englesch)
- all deng Diplomer/Zeugnisser, wann s de scho studéiert hues
- Carte d’identité oder Pass (separat als PNG/JPEG)
- eng Passfoto fir d’Studentekaart (separat als PNG/JPEG)
Kuck fir sécher ze sinn ëmmer nach eng Kéier um Site vun denger Uni no. Bei der Uni Wien lafen d’Online-Erstzulassung an den Upload vun den Dokumenter iwwer dat selwecht Portal; duerno bucht een en Termin, wou d’Dokumenter kontrolléiert ginn.
05Muss ech en Opnahmetest maachen?
Fir e puer Fächer jo, z. B.:
- Medezin an Zännmedezin (MedAT)
- Veterinärmedezin
- Informatik
- Architektur
- Psychologie
- BWL
- Pharmazie
Bei der WU gëtt et nëmmen e Verfahren, wann sech méi Leit umellen, wéi Plazen do sinn. Op der Uni Wien kascht d’Antragstellung 50 €.
06Bis wéini muss ech mech umellen?
Fir Studiegäng ouni Opnahmeverfahren ass d’allgemeng Zulassungsfrist fir d’Wantersemester vu Juli bis Ufank September, fir d’Summersemester vu Januar bis Februar. Fir Studiegäng mat Opnahmeverfahren sinn d’Fristen vill méi fréi (z. B. MedAT-Umeldung am Mäerz, Uni Wien Aufnahmeverfahren bis Mee). Kuck ëmmer um Site vun denger Uni no a mell dech léiwer méi fréi un.
Ukomme & Bürokratie
07Wéi mellen ech mech zu Wien richteg un?
Du muss dech bannent 3 Deeg nom Plënneren beim Meldeservice (Magistratisches Bezirksamt) umellen — dat kascht näischt. Du brauchs: Carte d’identité oder Pass (evtl. Gebuertsurkunde), Mietvertrag an den ausgefëllte Meldezettel. Et geet och online iwwer ID Austria.
08Muss ech mech nach bei enger anerer Behörde umellen?
Als EU-Bierger:in brauchs du no 3 Méint Openthalt eng Anmeldebescheinigung bei der MA 35; den Antrag muss bannent 4 Méint nom Ukomme gestallt ginn. D’Anmeldebescheinigung ass net dat Selwecht wéi de Meldezettel.
09Wat ass den ORF-Beitrag (fréier GIS)?
Zanter dem 1. Januar 2024 ersetzt den ORF-Beitrag d’GIS. Et ass eng Haushaltsabgab vun 15,30 € pro Mount, onofhängeg dovun ob s de en Fernseh hues oder net. Befreiung ass op Ufro hi méiglech (z. B. mat österreichescher Studienbeihilfe) — kuck beim ORF-Beitrags Service (OBS).
10Wéi kommen ech vu Lëtzebuerg op Wien?
Iwwer d’Facebookgrupp „LSW Mitfahrzentrale“ fënns de oft Matfuergeleeënheeten.
11Wou kafen ech en Ticket fir d’Öffis?
Als Student:in ënner 26 Joer mat der Jahreskarte Jugend: 294 € pro Joer, wann s de se online oder iwwert d’WienMobil-App keefs (300 € um Schalter). Si ass 12 Méint gëlteg fir d’Wiener Kernzone an ersetzt zanter Februar 2026 d’Semesterticket (75 €). Bis bei den Fluchhafen gëllt se net!
12Brauch ech een Auto zu Wien?
Eigentlech net. D’ëffentlecht Verkéiersnetz an d’Vëlosweeër si sou gutt ausgebaut, datt s de mam Auto oft méi laang brauchs. Wanns de awer en Auto brauchs: Carsharing (z.B. Free2Move). Parken ass net de ganzen Dag gratis, a wann däin Auto net zu Wien ugemellt ass, kriss de kee Parkticket fir Langzeitparken.
Gesondheet & Versécherung
13Wou fannen ech een Dokter?
Fro am beschten an der LSW-Facebookgrupp no — d’Chance ass grouss, datt schonn Een:t zu Wien bei engem Dokter war.
14Kann ech mat der lëtzebuergescher Krankekeess bei een Dokter goen?
Jo, awer oppassen: zu Wien huele verschidden Dokteren nëmmen eng bestëmmte Krankekeess un. Sich een „Alle Kassen“-Dokter. Do bezils de normalerweis sur place näischt, d’Rechnung geet direkt un deng Krankekeess. Hëlt den Dokter d’europäesch Kaart (EHIC) net un, bezils du selwer a muss d’Rechnung un deng Krankekees schécken.
15Wat maachen ech wann ech eppes aus der Apdikt brauch?
Mat enger lëtzebuergescher Ordonnance geet et normalerweis ouni Problem — oft och mat enger Foto um Handy. Du bezils d’Medikament selwer, kanns d’Rechnung awer mat der originaler Ordonnance bei der Krankekeess aschécken an d’Suen zréckfroen.
16Wéi sinn ech verséchert (Accident, Haftpflicht, Hausrot)?
Mam ÖH-Beitrag bass du automatesch accident- an haftpflichtverséchert — awer nëmmen ausserhalb vun denger Wunneng/dengem Zëmmer. Fir Hausrot a Privathaftpflicht fro bei der Versécherung vun dengen Elteren no, ob s de matverséchert bass (Altersgrenz oft 25–27). Matbewunner sinn net automatesch matverséchert.
Wunnen
17Wou wunnt een am beschten zu Wien?
Am beschte an den Bezierker 1–9 an 12 (Zentrum gutt zu Fouss erreechbar). Méi bëlleg ass et am 15. a 16. Bezierk. Kuck wou deng Uni läit.
18Wat kascht eng Wunneng oder e WG-Zëmmer?
Als Richtwäert:
Alles variiéiert staark no Lag a Gréisst.
19Muss ech Maklerprovisioun bezuelen?
Normalerweis nee: zanter dem 1. Juli 2023 bezillt deen d’Provisioun, deen de Makler als éischte beauftragt huet — also meeschtens de Vermieter. Gëtt trotzdem eng verlaangt, fro bei der AK Wien oder der Mietervereinigung no.
20Studentenheem oder WG — a wéini soll ech mat der Sich ufänken?
Gemeinnützeg Studentenheemer hunn Waardelëschte vu 6–12 Méint, bewerb dech also am beschten e Joer virdrun (bei méi Heemer parallel). WG-Castings lafen Juli–September; am August/September ass de Maart méi knapp.
LSW & Studenteliewen
21Wou kann ech Sport maachen?
Vun der Uni aus gëtt et den USI Sport (vu Fussball a Basket iwwer Yoga, Danz a Kampfsport bis Schilaanglaf). D’Umeldung fir d’Wantersemester fänkt Mëtt September un — beléift Coursë si séier ausgebucht. Zousätzlech huet den LSW Sportsgruppen (Fussball, Basket, Volleyball, Padel).
22Wat ass d’Memberskaart an wéi eng Eventer ginn et?
Ab dem Semesterufank kanns de eng Memberskaart kafen, mat där verschidden Evenementer scho bezuelt sinn (Daf, Pubquiz, …). Iwwert d’Joer ginn et z. B.:
- Ersti Stammdësch
- Daf — traditionell Opnahm an de Cercle
- Beerpongtournoi
- Padeltournoi
- Saufest op der Donau — Intercercle um Päischtweekend
- Pubquiz
- Beachvolleyball-Tournoi
- Regelméisseg Stammdëscher
23Wou fannen ech aner Lëtzebuerger:innen a wou kann ech Froen stellen?
Schreif an d’LSW-Facebookgruppen oder an d’WhatsApp-Grupp. Du kanns eis och iwwer Instagram (lsw_1975) oder per Mail (secretary@lsw.lu) kontaktéieren.
Allgemeng Infoe vun der Lëtzebuerger Säit iwwer d’Studium an Éisträich fënns de och am Studenteguide vun der ACEL (studenteguide.lu).
24Wou kréien ech Hëllef wann et mer net gutt geet?
Zu Wien gëtt et gratis Hëllef:
Bei enger akuter Kris
Sozialpsychiatrischer Notdienst Wien — 01 31 330 (24/7)
Den LSW-Comité ass och ëmmer fir dech do.








