Kategorie 03
Liewen zu Wien.
Den Alldag an der Stad: vum Ukommen iwwer Öffis, Behörden an Dokteren bis zu Kultur, Iessen an e bësse Wieneresch.
Wien op ee Bléck
Wien ass virun allem duerch seng schéin an al Architektur beléift. Obwuel et eng Milliounestad ass, huet Wien déi ideal Gréisst fir Grousstadfeeling ze erliewen, ouni sech verluer ze fillen. D’Stad ass wäit genuch vun Lëtzebuerg ewech, datt een net all Weekend heem fiert, an trotzdem no genuch, fir et ze kënnen.
Wien an Zuelen
Wien gouf dräi Joer hannerteneen als liewenswäertst Stad vun der Welt gewielt (Economist Intelligence Unit) — 2025 war et Plaz 2, direkt hannert Kopenhagen.
- Mercer-Index: dacks Top 3
- QS Best Student Cities 2027: Plaz 9
- Time Out Locals-Ëmfro 2025: Wiener Öffis Plaz 2 a Europa
- 35,4 % vun de Student:innen hunn keng éisträichesch Staatsbiergerschaft
Wat Wien ausmécht
Erhuelung
Donau, Donauinsel, Donaukanal, vill Parken (Prater, Augarten).
Kultur
Wiener Oper, Muséeën, Theateren, historesch Schlässer (Schönbrunn, Belvedere).
Rausgoen
Clibb, Caféen, Baren.
Lag
Grenz zu Osteuropa → a kuerzer Zäit zu Bratislava, Prag oder Budapest.
Am SummerStrandbaren & Donauinsel
Schwammen, Beachvolleyball.
Am WanterIwwer 20 Chrëschtmäert
A manner wéi enger Stonn ass een an de Bierger fir Schi/Snowboard.
Lëtzebuerger:innen zu Wien
Du bass net deen Eenzegen.
Quell: ACEL-Studenteguide, Oktober 2026.
Wien an engem Saz
Wéi Student:inne Wien beschreiwen:
Op Wien kommen
Fliger, Zuch, Bus oder Auto — wat et kascht a wéi laang et dauert.
Fligerca. 1h45ca. 200–300 € Aller-Retour als Student:in
Soulaang een ënner 24 ass, gëtt et bei der Luxair de Jugendpräis (bei Smart/Flex Tariffer 20 € méi bëlleg). Heiansdo Offeren fir 99 € oder 129 €. Mat Ryanair iwwer Charleroi ass och eng Optioun.
ËmweltfrëndlechstZuchca. 11 hab ca. 38 € eng Richtung
Ongeféier 38 € eng Richtung, wann s de fréi buchs, soss bal 100 €. Op mannst eng Kéier ëmklammen (Koblenz, dann direkt ICE).
Flixbusknapp 15 hca. 50 €
Direktverbindung Lëtzebuerg–Wien.
Autoca. 9–10 hMéi bëlleg zu puer
An der Facebookgrupp „LSW Mitfahrzentrale“ poste Leit, déi vu/ob Wien fueren.
Gutt ze wëssen
Wien ass ca. 950 km vu Lëtzebuerg-Stad ewech. Zuchtickete bis op Lëtzebuerg gëtt et och an der ÖBB-App (Kaf an der App méiglech).
Öffis & Tickets
Wiener Linien, Jahreskarte Jugend, Nuechtfahrten an déi wichtegst Apps.
Den ëffentlechen Transport gëtt vun de Wiener Linien bedriwwen: 5 U-Bahnen, Stroossenbunnen, iwwer 120 Buslinnen an Nuechtbussen (mat „N“ virun der Nummer, 30-Min-Takt). Insgesamt ass et ca. 1.150 km Streckennetz.
- U1
- U2
- U3
- U4
- U6
Nuechtfahrten
Weekends an op Feierdeeg fueren d’U-Bahnen déi ganz Nuecht (15-Min-Takt).
Jahreskarte Jugend (u26)
- Zanter dem 1. Februar 2026 ersetzt se d’Semesterticket an d’Ferien-Monatskarte.
- 12 Méint (365 Deeg) gëlteg, Summer abegraff.
- Gëlteg fir d’Wiener Kernzone.
- Fir jiddereen ënner 26, onofhängeg vum Studentestatus.
- Net gëlteg bis bei den Fluchhafen.
Kaf an Digital-Ticket lafen iwwer d’WienMobil-App. De Fluchhafen Wien (Schwechat) ass ausserhalb vun der Kernzone: Zousazticket ca. 2,20 € mam Zuch.
Wann s de reegelméisseg Heem pendels
Eng iwwerregional Kaart (VOR KlimaTicket MetropolRegion Jugend 700 €/Joer, KlimaTicket Ö Jugend 1.050 €/Joer) ka méi bëlleg sinn.
Nëtzlech Apps
- WienMobil — Routenplaner + Tickets
- Von A nach B (VOR AnachB)
- ÖBB
Vëlo, Scooter, Carsharing & Auto
1.721 km Vëlospisten, City Bike, Lime, Uber a Share Now.
Wien ass vëlosfrëndlech: insgesamt 1.721 km Vëlospisten; oft ass een mam Vëlo méi séier op der Uni wéi mat U-Bahn/Stroossebunn.
Vëlo
City Bike Wien
Gratis Account bei engem vun den ca. 200 Stationen oder online. 0,80 € pro halleft Stonn.
E-Trottinett
Lime
E-Trottinetten ausléinen.
Taxi
Uber
Déi bëlleg Taxi-Variant.
Carsharing
Share Now
Auto fir net vill Suen lounen — muss awer selwer parken.
Brauch ech een Auto?
Eigentlech net: Verkéiersnetz a Vëlosweeër si gutt ausgebaut. Wann s de en Auto brauchs, gëtt et Carsharing. Parken ass net de ganzen Dag gratis; wann däin Auto net zu Wien ugemellt ass, kriss de kee Parkticket mat deem s de laang an enger Strooss stoe bleiwe kanns. D’Parkscheinpreise si Jänner 2026 ëm 30 % geklommen.
Umellen & Behörden
Meldezettel, Anmeldebescheinigung, ORF-Beitrag — wat s de wéini muss erleedegen.
- 01
Meldezettelbannent 3 Deeg
Du muss dech bannent 3 Deeg nom Anzéien beim Meldeservice umellen. Dat kascht näischt: op all Magistratischem Bezirksamt (MBA) gratis, oder online iwwer oesterreich.gv.at (mat ID Austria). Zweitwohnsitz geet parallel.
- Carte d’identité oder Pass (evtl. Gebuertsurkunde)
- Mietvertrag
- ausgefëllte Meldezettel
- 02
Anmeldebescheinigung (EU)no 3 Méint · Antrag bannent 4 Méint
EU/EWR/CH-Bierger brauchen no 3 Méint Openthalt eng Anmeldebescheinigung bei der MA 35; den Antrag muss bannent 4 Méint nom Ukomme gestallt ginn. Si ass net dat Selwecht wéi de Meldezettel!
- 03
ORF-Beitrag (fréier GIS)zanter 1.1.2024
Zanter 2024 gëtt et d’GIS net méi, mee den ORF-Beitrag: 15,30 € pro Mount pro Haushalt (plus Landesabgab, Wien separat), onofhängeg vun Empfangsgeräter. Befreiung ass op Ufro méiglech — beim ORF-Beitrags Service (OBS), obs.at/befreiungsrechner.
- 04
Studierendenausweisno der Inscriptioun
Kënnt no der Inskription vun denger Uni/Héichschoul. Du brauchs en fir Mensa, Bibliothéik an Ermäßegungen; zanter Abrëll 2026 gëtt et en och digital an der App „eAusweise“ (ersetzt d’Chipkarte awer nach net).
Gesondheet & Versécherung
Dokter fannen, Krankekeess, Apdikt, Haftpflicht a wou s de Hëllef kriss.
Dokter
Een Dokter fannen
Fro an der LSW-Facebookgrupp oder WhatsApp-Grupp no.
Krankekeess
Lëtzebuergesch Krankekeess
Zu Wien huelen verschidden Dokteren nëmmen eng bestëmmte Krankekeess un → sich een „Alle Kassen“-Dokter. Wanns de zu Lëtzebuerg versechert bass an deng Krankekeeskaart (europäesch Säit = EHIC) virweise kanns, bezils de normalerweis Näischt sur place; d’Rechnung geet direkt un deng Krankekeess. Hëlt den Dokter d’EHIC net un, bezils du selwer a schécks d’Rechnung un deng Krankekees.
Apdikt
Medikamenter
Mat enger lëtzebuerger Ordonnance geet et normalerweis ouni Problem (oft och mat enger Foto um Handy). Du bezils d’Medikament selwer; schécks d’Rechnung + original Ordonnance bei d’Krankekeess fir d’Suen zréckzekréien.
Versécherung
Accident, Haftpflicht, Hausrot
Mam ÖH-Beitrag bass du automatesch accident- an haftpflichtverséchert — awer nëmmen ausserhalb vun denger Wunneng/dengem Zëmmer. Haushalts-/Haftpflichtversécherung ass net Pflicht; fro bei dengen Elteren no.
Wann et mer net gutt geet
Zu Wien gëtt et gratis Hëllef:
Am Noutfall
Sozialpsychiatrischer Notdienst Wien — 01 31 330 (24/7)
41 % vun de Wiener Student:innen kennen d’Beratung net — dowéinst stinn se hei.
Fräizäit, Kultur & Evenementer
Donauinselfest, Oper, Filmfestival, Heuriger — wat zu Wien ëmmer lass ass.
Mëtt Mee
Sommernachtskonzert Schönbrunn
Gratis Concert vun de Wiener Philharmoniker am Schlossgarten.
Enn Juni
Donauinselfest
Open-Air-Museksfestival, 3 Deeg, ca. 3 Mio. Visiteuren, gratis Entrée.
Juli – September
Rathaus Filmfestival
Säit ca. 30 Joer virum Rathaus: Film oder Concert op grousser Leinwand, mat „Foodvillage“.
Ganzt Joer
Staatsoper
E Muss. Fir U27 Ticketen ab 20 € (ab September 2026 viraussiichtlech 25 €).
Dobäi kommen Concerten, Museen a Theateren, iwwer 20 Chrëschtmäert, Prater, Augarten, Kahlenberg, Heurigen a Strandbaren.
Gratis & bëlleg
LSW-Evenementer
Vum Ersti Stammdësch, der Welcome Party an der Daf bis zum Saufest op der Donau — all Eventer vum LSW fënns de op der Events-Säit.
Iessen & Drénken
Wiener Schnitzel selwer maachen, Beisl an Heuriger, Liwwerdéngscht.
Liwwerdéngscht
Heurigen & Wiener Lokaler
Heuriger (traditionell Wäinlokaler) an traditionell Wiener Lokaler gehéieren zu Wien dozou — z. B. Sonndes beim Saufest.
Rezept: Wiener Schnitzel
Schnitzel
- 1 Kallefsschnitzel
- Ram
- Eeër
- Miel
- Panéiermiel
- Botter
- Salz a Peffer
- Kallefsschnitzel platt drécken an op deenen zwou Säite pefferen a salzen.
- Ram an Eeër an enger Schossel mat enger Forschette verréieren. Miel a Panéiermiel jeeweils an en Zoppenteller ginn.
- De Schnitzel kuerz a Miel zappen, dono an d’Schossel mat der Ram an den Eeër an uschléissend an d’Panéiermiel. Panad e bëssi undrécken.
- Botter an der Pan schmëlze loossen. De Schnitzel vun allen Säiten gutt véier Minutten gold-giel ausbacke loossen; roueg mam Fett ëmmer erëm begéissen.
Gromperenzalot
- 4–5 Gromperen
- Rënds Bouillon
- Esseg
- Ueleg
- 1 Zwiwwel
- 1 EL Moschter
- Salz a Peffer
- Gromperen 20 Minutten kache loossen.
- Gromperen nach waarm schielen an an dënn Scheiwe schneiden. Alles an eng grouss Schossel ginn.
- Bouillon liicht erhëtzen an iwwert d’Gromperen schëdden. Mat Peffer, Salz, Esseg, Zwiwwelen an Ueleg verfeineren.
- No Loscht a Laun och nach Moschter bei d’Zooss derbäi ginn.
Wieneresch — de klengen Dictionnaire
Wéi s de zu Wien net als Tourist opfälls: ca. 50 Wierder op Lëtzebuergesch.
Wieneresch → Lëtzebuergesch
Alldag
Wieneresch → Lëtzebuergesch
Allgemeng
Wieneresch → Lëtzebuergesch







