Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Saufest Intercercle 2018

Mai 18 @ 8:00 - Mai 21 @ 17:00

Facebook-link: Intercercle-Saufest

 

!!! UPDATE !!!
DUERCH DEEN GROUSSEN UNDRANG SINN SCHLOFPLAZEN ALL FORT

Och dëst Joer invitéiert den LSW déi aner Cerclen erëm op eisen Intercercle ze kommen vum 18.05.2018 bis den 21.05.2018.

Dei komplett Programmpunkten vum Weekend sinn:
18.05.2018: Welcome-Drink am Kader vum Intercercle am Morgans
19.05.2018: Ab 12:00h heescht et bereet ze sinn fir eist berühmt berüchtegt Saufest!
20.05.2018: Mëttes um 15h ass Treffpunkt beim Schloss Schönbrunn, e vun den kulturellen Highlights zu Wien! Mir wäerten de Park kucken goen an uewen um Bierg bei der Gloriette eng schéin Gruppefoto maachen 😉
Owes um 20h ass Trëffpunkt an der Stiegl-Ambulanz fir d’Ofschlossiessen.
21.05.2018: Ofrees

Fir dass der och wësst wat iech op eisem legendären Saufest erwaart, hei eisen Aftermovie 2017: https://www.youtube.com/watch?v=1iLXcWalmwU

Präis:
Kenns du nëmmen op Saufest bezils du 15 €.
De ganzen Weekend kascht dech 35 €. Do ass de Welcome Patt, Gedrénks + Sau um Saufest + Iessen an der Stiegl Ambulanz mat abegraff
Solls du eng Schlofplaz brauchen (oppassen! Limitéiert Platzen! Éischten ass fir!) kascht dech den Weekend 55 €. Du wäerts dann bei engem vun eisem Memberen iwwernuechten.

Wann s du elo Loscht hues eng kéier op Wien ze kommen a mat eis zesummen flott Deeg ze erliewen dann mell dech w.e.g. bis spéitstens den 06. Mai op folgendem Formular un.

Dësen Formular ass NET fir LSW Memberen geduecht!
D’Umeldung fir Iech, also fir LSW Memberen, wäert zu engem méi spéideren Zäitpunkt starten (Mäerz-Abrëll)! Hei geet et drëms op dir an den Café Morgans kommt + mat an den Restaurant iessen gitt!

https://docs.google.com/forms/d/1-pBsJlgjqsG5w38lvaRBuREuAieSslp1QNa0cOECtxA/edit

Mir hoffen iech zahlreich begréissen ze kennen.
Mat beschten Gréiss,
Äre LSW Comité

Details

Beginn:
Mai 18 @ 8:00
Ende:
Mai 21 @ 17:00
Lëtzebuerger Studenten Wien
Assign a menu in the Right Menu options.