Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Beachvolleyball Tournoi 2018

28. Juni 2018 @ 8:00 - 17:00

 

Samsdes den 26ten Mee 2018 treffen mir eis beim Sportcenter Donaucity (U1, Alte Donau) fir eng weider Editioun vum LSW Beach Volleyball Tournoi ze starten.

-Lass geet dat ganzt um 13:00, mir bieden iech w.e.g all pünktlech ze sin!

!Wann eng Ekipp ze spéit kennt, verléiert se hiren éischten Match!

-Géint 18:00 ass den Tournoi eriwwer.

Et gëtt an Ekippen vun 4-7 Leit gespillt, woubäi 4 Leit um Terrain aktiv sinn.

Et soll awer an all Ekipp opmannst een Meedchen vertrueden sinn! Dat bedeit dass am Kader vun all Equipe déi ugemellt gëtt een Meedchen vertrueden muss sinn. Wärend dem Matcher gëtt, falls dir zu méi wei 4 sidd, mat engem normalen Roulement gespillt a gewiesselt.
+Ass dat net den Fall, kritt den Géigner 5 Punkten Virsprong+

Umeldung ass bis den 19 Mee 2018 op. Schreift en Mail mat Vir & Nonumm (vun all ären Spiller), Numm vun ärer Ekipp, un sport@lsw.lu. Dono kritt dir eng Bestätegungsmail dass dir dabei sidd.

Aus organisatoreschen grënn kennen nëmmen maximal 12 Ekippen deelhuelen.

Dat heescht déi éischt sinn vir.

Et dierfen nëmmen aktiv Memberen um Tournoi deelhuelen.

Falls du keen Member bass, kanns de op der Platz selwer een Day Pass fir 5€ bei eis kafen.

D’Auslousung vun den Gruppen fënnt iegendwann am Mee virum Tournoi statt, an gëtt live iwwerdroen iwwer Facebook.

Weider wichteg Informatiounen:

Sportkleeder an een Duch sinn vierdeelhaft.

Am Sportskomplex befannen sech och Douchen déi dir nom Tournoi benotzen kennt.

Waasser kennt der ouni Problem vum Krunn opfëllen.

Mier verkafen och erëm Béier, zu engem studentenfrëndlechen Präis.

Denkt drun eppes klenges z´Iessen matzebréngen, géint den klengen Honger.

Et ass och net verbueden selwer Gedrénks matzebréngen.

Regelen vum Tournoi sinn:

1. Den Opschlag muss hannert der Grondlinn gemaach ginn

2. Den Opschlag muss an der Equipe dréinen (Positiounen sinn egal)

3. Den Opschlag dierf NET geblockt ginn

4. Een Netzopschlag zielt

5. Wann den Ball Linn bereit ass een dran

6. Den Ball dierf nëmmen kuerz beréiert ginn ( keen matzeihen bzw. “opfänken” )

7. Den Ball dierf mat all Kierperdeel gespillt ginn

8. Een Block zielt net als Touch (Net wei am Richtegen Beach Volleyball)

9. Et dierf een op den Géignereschen Terrain riwertrëppelen, soulaang een den Géigner net hënnert / kennt et allerdéngs zum Kontakt, ass et Foul

10. D’Netz dierf minimal beréiert ginn, sou laang den Géigner net behënnert gët

11. Fairplay

Op ee flotten Beach Volleyball Tournoi!

ären LSW Comité

Details

Datum:
28. Juni 2018
Zeit:
8:00 - 17:00
Lëtzebuerger Studenten Wien