Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW goes Tournoi de Noël

27. Dezember 2018 @ 8:00 - 28. Dezember 2018 @ 20:00

Gläich heescht et erëm LSW goes Tournoi de Noël :)!

Treffpunkt ass wéi ëmmer moies um Campus Geesseknäppchen.

27. Dezember am Volleyball + Basket
28. Dezember am Fussball

D´SportlerInnen vum LSW géifen sech freeën wann e bëssen Stëmmung an der Hal wier! Also kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Ekippen! Mir sinn op all Supporter ugewisen!

Mir hoffen dass mir dëst Joer erëm genau sou fit um Terrain wäerten stoen, wei déi lescht Joren an allen dräi Sportaarten!

Mee net nëmmen um Terrain wëllen mir d´Coupe gewannen, am leschten Joer hunn mir den prix de consommation fir eis entscheet, an et gelt dësen Titel ze verdeedegen!
E puer Béier fir de gudden Zweck drénken, wann dat keng Motivatioun ass?

Lass geet et jeeweils moies frei wou d´Gruppephase gespillt gëtt. Mëttes stinn dann Finalen um Programm. Fir Iessen a Gesëffs ass de ganzen Dag iwwer gesuergt!

Mir wäerten iech den Dag selwer och iwwert Facebook um Lafenden halen wou mir genee drun sinn.

Hei nach de Link vun der offizieller Veranstaltung vun der ACEL:

https://www.facebook.com/events/248525572492784/

Bis den 27. a 28. Dezember!
Mir zielen op Iech!

Ären LSW Comité

 

Details

Beginn:
27. Dezember 2018 @ 8:00
Ende:
28. Dezember 2018 @ 20:00
Webseite:
https://www.facebook.com/events/588379481598469/

Veranstaltungsort

Geeseknäppchen
Lëtzebuerger Studenten Wien