
MERCI,
un eis Sportler, déi hiert bescht ginn hunn um Tournoi de Noël, och wann et dëst Joer net esou gutt gaangen ass wei dat eent oder dat anert Joer.
An och en grousse Merci un all eis Fans, déi eis Sportler sou super ënnerstëtzt hunn. Virun allem hunn mir duerch iech den Prix de Consommation gewonnen. Dat muss natierlech gefeiert ginn, dofir luede mir iech op eng drëtt Hallschent mat Fräibéier an Cola vum Tournoi de Noël an de Weberknecht an.
Wéini: Freiden, den 11.01.2019
Wéivill Auer: 20:00 Auer
Wou: Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49, 1160 Wien
Wichteg: Fir um Event deel ze huelen, brauchs du en gülteg Memberskaart. Falls du keng hues, kanns du owes gären nach eng bei eis kaafen.
Mir hoffen dir hutt virun ären Examen nach bëssi Zäit fir des Victoire mat eis ze feieren, eng Béier geet ëmmer 🙂
Ären LSW Comité













