Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

28. Juni 2018 @ 8:00 - 17:00

 

Dëst Joer fënnt den traditionelle Studentebal den 13. Juli statt an zwar wéi gewinnt op der Wiss nieft dem P&R Bouillon, souwuel am Zelt wéi och dobaussen!

Zesumme mat senge Cerclë wäert d’ACEL – de Studentevertrieder nees fir en onvergiessleche Bal suergen. Nieft dem normale Gedrénks bidden déi verschidde Cerclen och nees hier Special Drinks un, esou datt fir all Goût eppes do ass, an dat zu studentefrëndleche Präisser. Dës ginn op 13 Stänn vun 30 verschiddene Cerclen zerwéiert. Fir den Honger virun oder nom feieren suergt och dëst Joer nees ee Cercle, sou dass dir net hongereg musst heem goen.

Dëst Joer suergen den Flex Diamond an den Pero Diamond fir déi richteg Musek bis spéit an d‘Nuecht!

Virverkaf-Bännercher ginn et deemnächst bei deenen eenzele Cerclen an a folgende Caféen:

Café Beim Frank – Dikrech
Fabrik – Miersch
Snooze – Stad & Belval
Siegfried– Stad
Pitcher– Esch

Virverkaf: 10€
Oweskeess: 12€

Fir déi Leit, déi eng Axxess Kaart bei der Entrée kënne virweisen, ginn et wéi déi läscht Jore Gedrénksbongen am Wäert vun 2€.

Dir sidd ee schlaue Fuss, da kommt éischter op de Bal: Vun 20-22h ass Happy Hour!

Oweskeess bis 02.00h an definitiv Sortie ab 03:00.

An der nächster Zäit wäerten ëmmer méi Informatiounen an Neiegkeeten zum Bal op eiser FB-Page publizéiert ginn, ënner anerem wäert dir Entréesticketen a Gedrénksbonge gewanne kënnen. Also schnell liken an net är Chance verpassen: ACEL – de Studentevertrieder

Weider Informatioune fannt dir op http://studentebal.acel.lu/

Details

Datum:
28. Juni 2018
Zeit:
8:00 - 17:00
Lëtzebuerger Studenten Wien