Lade Veranstaltungen

Léif Frënn a Memberen,

D’Prüfungen si geschriwwen an Wantersemester ass eriwwer.

Egal ob erfollegräich oder net, iert et an dat nächst Semester geet, looss vum ganzen Unistress lass a stouss mat eis un.

D’Lëtzebuerger Studente vu Wien an Innsbruck invitéieren iech op hir 3ten Editioun vum HÜTTENZAUBER!

Dëst kéier an der Apoteca Bar & Club, de 15. Februar 2019!

Lass geet et um 22 Auer.

!!! Happy Hour: 22h-23h !!!

Fir Gaudi Musek suergt den DJ Stanko!

Ticketen ginn et deemnächst bei de Comitésmemberen vum LSW an LSI.

Virverkaf: 5 €

Oweskeess: 7€

Adresse: Apoteca Bar & CLub, 12 rue de la Boucherie, L-1247 Luxembourg, Luxembourg

Kommt all an d’Apoteca laanscht a loosst eis op eng wuelverdéngte Fuesvakanz ustoussen!

Mir freeën eis op iech!

Ären LSW & LSI

Go to Top