Technische Universität Wien

Haaptstudienrichtungen

Architektur, Bauingenieurwesen, Elektrotechnik, Informatik, Maschinenbau, Mathematik, Physik, uvm.

Hei fënns de all Studiengäng.

Umeldung

Als Lëtzebuerger mat engem Premiere/Treizièmes Diplom ass deng Umeldung méi einfach wëlls de etlech Ënnerlagen net areschen muss.

1a. Studium mat Opnahmverfahren (Informatik, Architektur an Raumplanung und Raumordnung):

– Online Registréierung bei TISS

– Motivatiounsschreiwes

– schrëftlechen Reihungstest (wann méi Leit en Motivatiounsschreiwes agereecht hunn wei Platzen sinn)

1b. Studium mat Studien-VoR-Phase:

– Online Registréierung bei TISS

– Rendezvous an der Studienabteilung maachen

2. Perséinlech Aschreiwung an der Studienabteilung, dofir brauchs du folgend Dokumenter:

– däin Premiere/Treizièmes Diplom

– carte d’identite

Hei fënns de nach eng Kéier all Detailer.

3. ÖH-Beitrag bezuelen

Fir deng Umeldung ofzeschléissen muss du den ÖH-Beitrag bezuelen, den am Moment 22,70 euro  ass. Dann kriss du den Zougang zu TISS, wou s de der een Konto erstellen muss. Schlussendlech kriss de och deng Studentekaart op deng éisträichesch Adress wann s de déi uginn hues, wann net dann muss de se eng Kéier am ZIB-Zentrum ofhuelen.

Fristen

Wantersemester 2024/2025: 

Allgemeng Zulassungsfrist: Juli- September

Nachfrist: bis een November

Summersemester 2024:

Allgemeng Zulassungsfrist: Januar- Februar

Nachfrist: bis den een Abrell

Self-Assessment

TU Wien bitt een Self-Assessment Test un, fir rauszefannen op s de wierklech dat richtegt Studium fir dech rausgesicht hues. Dësen Test huet keen Afloss op deng Zouloossung, ass anonym an net obligatoresch.

Kontakt

Karlsplatz 13
A-1040 Wien
Tel.: (0043) 01-58801-0
www.tuwien.ac.at