
Badminton Tournoi 2026
20.00€
Beschreiwung
Léif Memberen,
Well eis Sportevents sou gutt bei iech ukommen, hu mir eis dofir entscheet dëst Semester déi éischte Kéier e Badminton Tournoi ze organiséieren.
Dëse fënnt den 22. November vu 15h bis 19h am Racketworld statt. Gespillt gëtt an Dubbelen. D’Umeldung an d’Bezuelung (20€ fir ären Dubbel) lafe bis den 20. November iwwert eis Website (Direktlink am Instahighlight “Umeldungen”).
Opgepasst❗️:
Fir un dësem an aneren Events vum LSW kënnen deelzehuelen, muss ee Member beim LSW sinn! Eng Memberskaart kriss du iwwert eis Website. Den direkte Link fënns du op Insta am Highlight “Umeldungen” an an eiser Facebookgrupp. D’Memberskaart kascht 20€ an domadder kanns du un all eisen Events deelhuelen.
Bis geschwënn🫶
Ären LSW-Comité🐷







