Medizinische Universität

Studien

Op der MedUni Wien kanns du Humanmedezin an Zännmedezin studéieren.

https://www.meduniwien.ac.at/web/studium-weiterbildung

Umeldung

1. Online Umeldung

Ënnert dësem Link kanns du dech fir Opnahmeverfahren umellen.

2. Du kriss Umeldungsbestätegung per Mail geschéckt mat enger 7-stelleger Bearbeschtungsnummer fir den Login fir an den MedAt-Account eranzekommen.

3. Am MedAt-Account muss du 110€ bezuelen an du fënns do weider Informatiounen zum Opnahmverfahren, wei zum Beispill deng Resultater. Soulaang s du net bezuelt hues, kanns du deng Umeldung nach ëmmer zréck zeien oder däin Studienort zum Beispill änneren.

4. Innerhalb vun den Zulassungsfristen muss du dech perséinlech an Studienabteilung vun der MedUni Wien umellen goen.

Opnahmexamen

Wéini?

Den Opnamexamen ass viraussiichtlech den 5. Juli 2024, ënner Konditioun dass du dech online ugemellt hues an déi 110€ bezuelt hues. Solls du den Opnamexamen awer net schreiwen wëllen, hues du keen Recht drop, d’Suen zréck ze kréien.

Den Dag vum Examen muss du vun 8h00 bis 17h00 present sinn. Et kann awer och bis 18h00 daueren. Informatiounen zu denger Sëtzplaz etc. kanns du op dengem MedAt-Account normalerweis ab der 27. Kalennerwoch nokucken an ausprinten.

Zousatzprüfung

Et kann sinn dass du nach eng Zousatzprüfung schreiwen muss, wann zum Beispill deng Lateinkenntnisser net gutt genuch sinn. Hei fënns du méi Informatiounen dozou.

Wichteg! 

Als Lëtzebuerger gehéiert een zur Éisträicher-Quote! Dëst ass fir dech zum Virdeel, well vill Bewerber aus aneren EU-Länner méi schlecht Quoten hunn. Leider soll dëst Ofkommen tëschent Lëtzebuerg an Éisträich an Zukunft net méi bestoen, ab wéini ass leider ongewësst. Am beschten also bei der Umeldung bei der Universitéit nofroen oder sech bei eis mellen.

Virbereedung

Hei fënns du d’Matière déi gefrot gëtt fir den Humanmedezintest an hei fir den Zännmedezintest. Ënnert dësem Link kanns du dech aloggen, fir Virbereedungsennerlagen ze kréien.

D’Léieren fir den Test ass jiddwerengem selwer iwwerlooss, mer roden der un den Biologie-, Chimie-, Physik- an Mathematikstoff vum der Première ze widderhuelen (virun allem och op Däitsch). Sech awer och déi offiziell Ënnerlagen (Stichwortlisten, Online-Tests, etc.) ganz genau unzekucken an den Stoff ze léieren. Den Opnahmetest entwéckelt sech vun Joer zu Joer weider, dowéinst kënnen nei Übungen dobäi kommen, d’Zäit vun den eenzelen Deeler oder d’Punkteverdeelung variéieren. Dowéinst roden mer der un dat virum Test nozesichen an sech gutt ze informéieren. Wichteg: Den Test fir Zännmedezin ass en aneren wéi deen fir Humanmedezin!

Oppassen: Et ginn ganz vill verschidden Übungsbicher, Intensivcouren etc., do onbedéngt Rezessiounen an Bewäertungen liesen, fir et ze vermeiden onnéideg Suen auszeginn.

D’Resultat kriss du zum Schluss vun der 33. Kalennerwoch. Zu Wien gi et 680 Platzen fir Humanmedezin an 80 Platzen fir Zännmedezin. Fir ugeholl ze gi, muss du ënnert den 680 respektiv 80 beschten sinn.

Erfahrungsbericht

Wie ich mich auf den Medat 2017 vorbereitet habe:

Ich habe ungefähr 3 Monate vor dem Test begonnen mich darauf vorzubereiten, das bedeutet also, dass ich im März angefangen habe. Ich würde den zukünftigen Bewerbern auch abraten sich zu früh mit dem Stoff zu befassen, denn man vergisst vieles da es schon eine ganze Menge zum Lernen gibt. Für Biologie habe ich tatsächlich einige Bücher gekauft (Linder Biologie, Kurzlehrbuch Biologie, Chemie, Physik und der Körper des Menschen von Faller), und habe mir damit eine eigene Zusammenfassung zusammengeschrieben über die einzelnen Themen der Stichwortliste. Nebenbei hatte ich auch das Internetportal Studymed genutzt, das alles sehr gut ergänzt hat. Für Chemie, Physik und Mathematik habe ich dann nur mit Studymed gelernt und mir aus den Skripten wiederum eine eigene Zusammenfassung geschrieben. Somit habe ich beim BMS-Teil immerhin 84% gehabt.

Für den kognitiven Teil habe ich wirklich jeden Tag ein Set geübt. Das fand ich wirklich wichtig. Am Anfang war es frustrierend, aber man merkt, dass man mit der Zeit Fortschritte macht. Für die Allergieausweise hat mir eine Kombination aus der Loci und Major Methode fast die ganze Punktzahl erbracht. Auch für den kognitiven Teil habe ich fast nur das Internetportal Studymed benutzt, da es wirklich über 10000 verschiedene Beispiele zu den kognitiven Tests gibt.

Am Testtag selbst sollte man unbedingt einen Pullover mitnehmen, in der Halle ist es doch relativ frisch. Ebenfalls sollte man sich eine Jause einpacken damit man in der Mittagspause nicht zu viel Stress hat sich was zum Essen zu holen.

Ich rate auch von überteuerten Vorbereitungskursen ab, da es keine Garantie gibt, dass man dadurch einen Studienplatz bekommt. Ich habe ungefähr 300 Euro ausgegeben (110€ für die Anmeldung für den Test, 100€ für das Internetportal Studymed und etwa 100€ für die Bücher). Ich denke das ist eine gute Richtlinie.

Viel Erfolg!

Fristen

Fir deng Online Umeldung an fir ze bezuelen

1.03.2024 – 31.03.2024

Wantersemester 2024/2025

Allgemeng Zulassungsfrist: Juli – September 2024

Nachfrist: September- November 2024

Summersemester 2025

Allgemeng Zulassungsfrist: Januar- Februar

Nachfrist: Februar- Abrell

Kontakt

Spitalgasse 23
A-1090 Wien
Tel.: (0043) 01-40160-0
www.meduniwien.ac.at