Zu Wien studéieren

Wien ass virun allem duerch seng schéin, al architektonesch Gebaier beléift. Obwuel et eng Milliounestad ass, huet Wien déi ideal Gréisst fir en Groußstadfeeling ze erliewen, ouni sech verluer ze fillen. D’Stad ass weit genuch vun Lëtzebuerg ewech fir dass een net all Weekend heem fiert mee no genuch fir dass een et kéint maachen.

Niewent villen Erhuelungsméiglechkeeten, wei zum Beispill der Donau mat der Donauinsel an dem Donaukanal oder mat den villen Parken, gi et zu Wien och vill kulturell an geschichtlech Erliefnisser, wei d’Wiener Oper, sellech Musen an Theateren, wei och eng Rei historesch Schlässer. Ausserdeem gi et zuelräich Méiglechkeeten fir rauszegoen, souwuel Clibb wei och Caféen oder Baren.

 

D’Lag vun Wien ass een weideren Pluspunkt, well et d’Grenz zu Osteuropa ass an soumat ass een an kierzester Zäit zu Bratislava, Prag oder och Budapest.