Lade Veranstaltungen

Vergangene Veranstaltungen

Veranstaltungen Search and Views Navigation

Finde

Veranstaltung Views Navigation

Veranstaltungen Search

Dezember 2017

LSW Stammdësch Weihnachts-Editioun 2017

15. Dezember 2017 @ 19:00 - 22:00

Facebook-Link : LSW Stammdësch Weihnachts-Editioun 2017   Servus léif LSW’ler, en Freiden, den 15. Dezember invitéieren mer iech op eisen Stammdësch um Weihnachtsmarkt Altes AKH. Wann´s de Loscht hues e gemittlechen Owend mat eis ze verbréngen, eis fleit en puer Verbesserungsvirschléi oder Ideen fir nei Evenementer matzedeelen, dann komm laanscht an drénk een Patt mat eis. Rendez-vous ass ab 19:00h an den Weihnachtsmarkt ass bis 22:00h op. Dono geht et awer sëcher nach net heem ;)! Mir wäerten eis op der grousser Platz an der Mëtt treffen, an halen iech och iwwert Facebook om Lafenden wou mir genee drun sinn.…

Mehr erfahren »

LSW goes Tournoi de Noël 2017

27. Dezember 2017 - 28. Dezember 2017
Geeseknäppchen

Facebook-Link: Tournoi de Noel 2017 Gläich heescht et erëm LSW goes Tournoi de Noël :)! Treffpunkt ass wéi ëmmer moies um Campus Geesseknäppchen. 27. Dezember am Volleyball + Basket 28. Dezember am Fussball D´SportlerInnen vum LSW géifen sech frëen wann e bëssen Stëmmung an der Hal wier! Also kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Ekippen! Mir sinn op all Supporter ugewisen! Lescht Joer konnten mir d´Finale am Basket vir eis entscheeden an mir hoffen dass mir dëst Joer erëm genau sou fit um Terrain wäerten stoen an allen dräi Sportaarten! Mee net nëmmen um Terrain wëllen mir d´Coupe gewannen, mee d´Ziel…

Mehr erfahren »

Februar 2018

Hüttenzauber 2.0

Februar 16 @ 19:00 - Februar 17 @ 3:00

Facebook-Link: Hüttenzauber 2.0   D'lëtzebuerger Studente vu Innsbruck a Wien invitéieren iech op hir 2te Editioun vum HÜTTENZAUBER.   Dëst kéier am Aula Café am Gronn, den 16. Februar 2018!   Lass geet et um 19h!   D' Entrée ass gratis! Gaudi Musek leeft och! Dass et iech och net ze kal gëtt kritt dir Glühwäin an Mumba (Schocki mat Rum) bei eis ze kafen. Eppes fir de eidele Moo gëtt et natierlech och!   Kommt all an d'Aula laanscht a loosst eis op eng wuelverdéngte Fuesvakanz ustoussen!   Mir freeën eis op iech! LSI & LSW

Mehr erfahren »

März 2018

LSW Assemblée Générale 2018

März 7 @ 20:00 - 23:00

Facebook-Link: Assemblee Generale   Den Comité vum LSW invitéiert op déi all jäerlech Assemblée Générale an den Weberknecht. D’AG bitt iech d’Méiglechkeet zesummen mam Comité iwwert vergaangen an zukünfteg Evenementer ze diskutéieren, ee Abléck an d’Finanzen vun der Asbl. ze kréien an den neien Comité ze wielen. Fir den Comité 2018/19 ginn nach engagéiert Memberen gesicht. Falls du also motivéiert bass an d’LSW Daf matgemaach hues dann mell dech mat engem klengen Motivatiounsschreiwes mat enger E-Mail un lsw@lsw.lu Den Programm ass folgenden: - Wëllkommensried - Réckbléck op Aktivitéiten 2017/2018 - Finanziellen Iwwerbléck vum Tresorier - Wiel vun den Comitésmemberen 2018/19…

Mehr erfahren »

LSW Beer Pong Tournoi 2018

März 17 @ 18:00 - 23:30

Facebook-Link: LSW Beer Pong Tournoi 2018 Den LSW Comité invitéiert iech op St.Patricks Day, den 17. Mäerz 2018, an den Weberknecht zu 1ter Editioun vun eisem Beerpong Tournoi! Start ass um 18h30! Sidd w.e.g.l. spéitstens um 18h15 do, sou dass mir pünktlech kennen starten! Gespillt gëtt an Ekippen a jee 2 Persounen. Insgesamt kennen maximal 16 Ekippen deel huelen. Präis pro Ekipp leit bei 20 €. Umellen ënnert secretary@lsw.lu, Numm vun de Spiller (just LSW Memberen) an den Equippennumm derbäi schreiwen! Umeldung leeft bis den 12.03.2018! Mir géingen eis freeën iech am Weberknecht begréissen ze kennen! Ären LSW Comité

Mehr erfahren »

April 2018

LSW Pub Quiz 5.Editioun

April 11 @ 19:00 - 23:59

Facebook-Link: https://www.facebook.com/events/1889490561094034/ Mir freeën eis iech op déi 5. Editioun vun eisem Pubquiz am Weberknecht den 11. Abrëll 2018 anzelueden! Et gëtt an Gruppen vun 3-5 Leit gespillt. Maximal 15 Ekippen kënnen deel huelen. D'Deadline fir sech unzemellen ass bis den 06.04.2018 op secretary@lsw.lu per Email. Matmaachen kënnen nëmmen LSW Memberen. Natierlech kanns du den Owend selwer awer och nach deng Memberskaart fir 15 € bei eis kafen. D'Froen dréinen sech em Themen wéi Politik, Sport, Wien, Geographie,...kuerz: Allgemengwëssen! Also komm laanscht, spill mat an blaméier dech, deng Ekipp an jiddereen, deen dech kennt! Mier freeën eis, Ären Comité

Mehr erfahren »

Mai 2018

LSW Saufest Intercercle 2018

Mai 18 @ 8:00 - Mai 21 @ 17:00

Facebook-link: Intercercle-Saufest   !!! UPDATE !!! DUERCH DEEN GROUSSEN UNDRANG SINN SCHLOFPLAZEN ALL FORT Och dëst Joer invitéiert den LSW déi aner Cerclen erëm op eisen Intercercle ze kommen vum 18.05.2018 bis den 21.05.2018. Dei komplett Programmpunkten vum Weekend sinn: 18.05.2018: Welcome-Drink am Kader vum Intercercle am Morgans 19.05.2018: Ab 12:00h heescht et bereet ze sinn fir eist berühmt berüchtegt Saufest! 20.05.2018: Mëttes um 15h ass Treffpunkt beim Schloss Schönbrunn, e vun den kulturellen Highlights zu Wien! Mir wäerten de Park kucken goen an uewen um Bierg bei der Gloriette eng schéin Gruppefoto maachen ;) Owes um 20h ass Trëffpunkt…

Mehr erfahren »

Juni 2018

LSW Beachvolleyball Tournoi 2018

Juni 28 @ 8:00 - 17:00

  Samsdes den 26ten Mee 2018 treffen mir eis beim Sportcenter Donaucity (U1, Alte Donau) fir eng weider Editioun vum LSW Beach Volleyball Tournoi ze starten. -Lass geet dat ganzt um 13:00, mir bieden iech w.e.g all pünktlech ze sin! !Wann eng Ekipp ze spéit kennt, verléiert se hiren éischten Match! -Géint 18:00 ass den Tournoi eriwwer. Et gëtt an Ekippen vun 4-7 Leit gespillt, woubäi 4 Leit um Terrain aktiv sinn. Et soll awer an all Ekipp opmannst een Meedchen vertrueden sinn! Dat bedeit dass am Kader vun all Equipe déi ugemellt gëtt een Meedchen vertrueden muss sinn. Wärend…

Mehr erfahren »

LSW Closing 09.06.2018

Juni 28 @ 8:00 - 17:00

  Servus léif LSW’ler, en Samschden, den 9. Juni invitéieren mer erëm op eisen Closing Stammdësch an den Weinpavillon (Summerstage, Roßauer Lände 17, 1090 Wien). Wann's de Loscht hues e gemittlechen Owend mat eis ze verbréngen, déi leschte Kéier virun der Prüfungszäit an éier et erëm zréck op Lëtzebuerg geet, dann komm laanscht an drénk ee Patt mat eis. Et ass fir 30 Leit reservéiert, dofir dréck w.e.g. beim Event op Zusagen wann's du kenns. Rendezvous ass ab 19h30. Mat beschte Gréiss, ären LSW Comité

Mehr erfahren »

Juni 28 @ 8:00 - 17:00

  Dëst Joer fënnt den traditionelle Studentebal den 13. Juli statt an zwar wéi gewinnt op der Wiss nieft dem P&R Bouillon, souwuel am Zelt wéi och dobaussen! Zesumme mat senge Cerclë wäert d’ACEL - de Studentevertrieder nees fir en onvergiessleche Bal suergen. Nieft dem normale Gedrénks bidden déi verschidde Cerclen och nees hier Special Drinks un, esou datt fir all Goût eppes do ass, an dat zu studentefrëndleche Präisser. Dës ginn op 13 Stänn vun 30 verschiddene Cerclen zerwéiert. Fir den Honger virun oder nom feieren suergt och dëst Joer nees ee Cercle, sou dass dir net hongereg musst heem…

Mehr erfahren »
+ Veranstaltungen exportieren
Lëtzebuerger Studenten Wien
Assign a menu in the Right Menu options.