Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW Welcome Party

Oktober 13 @ 20:00 - Oktober 14 @ 6:00

Servus zu Wien!

Wat gëtt et Besseres wei den Semesterstart mat enger Party unzefänken? Eng Party mat Fräibéier! (Et gëtt awer och Fräicola, fir déi déi keen Béier drénken)

Komm den 13. Oktober um 20:00 an den Weberknecht fir mat neien an alen Memberen op dat neit Semester ze prosten.

Wanns du also un enger Memberskaart Interesséiert bass, kanns du dëst schonns am Viraus erleedegen. Fir den Owend selwer Zäit ze spueren, mell dech einfach iwwert dësen Formular un: https://goo.gl/forms/X8NNPun7NsL85O0H3
Bezuelen kanns du op der Welcome Party bei eis.

Den Präis ass 15 Euro. D’Kaart gëllt een ganzt Joer an du kanns domat op verschiddenen vun eisen Evenementer, wéi zum Beispill der Daf, dem Saufest, Beach Tournoi, Pub Quiz an nach villen aneren, deelhuelen. Ausserdeem erhäls du domad den LSW Newsletter, sou bass de ëmmer top informéiert iwwert eis Evenementer, Intercercles an villes méi.

Zudeem kanns du dech op der Welcome Party an iwwert den Google Sheet fir eis traditionell Daf umellen an dech op een lëschtegen Nomëtten an Owend freeën!

Also komm bis laanscht, léier nei Leit kennen an feier mat eis den Start vum Joer! An denk drun deen éischten ass fir, wann keen Béier méi do ass, dann ass keen méi do.

Ären LSW Comité

https://www.facebook.com/events/263990774455651/

 

Details

Beginn:
Oktober 13 @ 20:00
Ende:
Oktober 14 @ 6:00
Website:
https://www.facebook.com/events/263990774455651/

Veranstalter

LSW
Website:
lsw.lu

Veranstaltungsort

Weberknecht
Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte
Lëtzebuerger Studenten Wien