Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

LSW goes Tournoi de Noël 2017

27. Dezember 2017 - 28. Dezember 2017

Facebook-Link: Tournoi de Noel 2017

Gläich heescht et erëm LSW goes Tournoi de Noël :)!

Treffpunkt ass wéi ëmmer moies um Campus Geesseknäppchen.

27. Dezember am Volleyball + Basket
28. Dezember am Fussball

D´SportlerInnen vum LSW géifen sech frëen wann e bëssen Stëmmung an der Hal wier! Also kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Ekippen! Mir sinn op all Supporter ugewisen!

Lescht Joer konnten mir d´Finale am Basket vir eis entscheeden an mir hoffen dass mir dëst Joer erëm genau sou fit um Terrain wäerten stoen an allen dräi Sportaarten!

Mee net nëmmen um Terrain wëllen mir d´Coupe gewannen, mee d´Ziel ass et, no enger zimlech knapper Defaite am leschten Joer, och den prix de consommation fir eis ze entscheeden!
E puer Béier fir de gudden Zweck drénken, wann dat keng Motivatioun ass?

Lass geet et jeeweils moies frei wou d´Gruppephase gespillt gëtt. Mëttes stinn dann Finalen um Programm. Fir Iessen a Gesëffs ass de ganzen Dag iwwer gesuergt!

Hei nach de Link vun der offizieller Veranstaltung vun der ACEL:

https://www.facebook.com/events/1441827029264503/

Bis den 27. a 28. Dezember!
Mir zielen op Iech!

Ären LSW Comité

Details

Beginn:
27. Dezember 2017
Ende:
28. Dezember 2017

Veranstaltungsort

Geeseknäppchen
Lëtzebuerger Studenten Wien