Ëffentlechen Transport

D’Netz vum ëffentlechen Transport zu Wien ass gutt ausgebaut a gehéiert zu den beschten weltwäit. Et kennt een ganz einfach a schnell vun A op B.

Fir den ëffentlechen Transport ze notzen, kanns du d‘Semesterkaart vun den Wiener Linien kafen. Se ass fir all d’Linnen (Zuch, U-Bahn, Tram a Bus) innerhalb der Kernzone valabel. Oppassen mat der Kernzone muss een wann een mam Zuch op den Flughafen fueren wëll, well dësen ausserhalb läit. Dofir brauchs de een zousätzlechen Ticket, deen s de bei all Automat ze kafen kriss.

D’Semesterkaart gëllt fir d’Studenten ënner 26 Joer an du kanns domadder jeeweils ee Semester (Wantersemester: 01.09 – 31.01; Summersemester: 01.02 – 30.06) Dag a Nuecht, kräiz a queer duerch Wien fueren. Un dëser Platz ass unzemierken, datt s du, am Fall vun enger Kontroll, deng aktuell Semesterkaart virweisen muss, soss gëtt et een Protokoll (an et gëtt een reegelméisseg kontrolléiert). Vun Freides op Samschdes a vun Samschdes op Sonndes fueren d’U-Bahnen am 15-Minutten-Takt déi ganz Nuecht duerch an d’ganz Woch iwwer fueren déi ganz Nuecht Nuetsbusser duerch Wien.

D’Semesterkaart kascht fir Studenten, mat Haaptwunnsëtz zu Wien, 75€ a fir Studenten, ouni Haaptwunnsëtz zu Wien, 150€. Unzemierken ass hei datt dëst Präisser vum Online-Kaf iwwert d’WienMobil-App sinn. Wann s du der deng Semesterkaart an enger Infosstell vun den Wiener Linien keefs, sinn d’Präisser 78€ respektiv 156€. Hei muss du deng Umeldungsbestätgegung vun der Uni an fir den Fall datt däin Haaptwunnsëtz zu Wien ass, deng Meldebestätgegung mathuelen. Ee weideren Virdeel vum Online-Kaf ass, datt s du den Ticket um Handy hues, respektiv kanns du der en ëmmer rëm ausdrécken, wann s de en verléiers.