Beschreiwung
Fir déi Deeg, wou et fir en T-Shirt eleng net méi duergeet. Selwecht Summer-Gefill, just mat méi laangen Äermelen.
- Modell: Stanley/Stella Freestyler Long Sleeve
- Schnëtt: Relaxed Fit, bequem mat e bësse Plaz
- Stoff: 100 % Bio-Koton, Heavyweight
- Fleeg: Bei 30 °C wäschen, net an den Trockner
Wéi et funktionéiert
Mir sammelen all Bestellungen bis den 16.11 a loossen duerno alles op eemol drécken. Mir produzéieren also just dat, wat bestallt gouf. Wann den Merch do ass, annoncéiere mir, wou a wéini s du en ofhuele kanns (z. B. op engem vun eisen Eventer). Et gëtt kee Versand. Du brauchs keng Memberskaart fir ze bestellen.
Gréissten
| Moossen an cm | XXS | XS | S | M | L | XL | XXL | 3XL |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| A · Hallef Broscht | 50 | 52 | 54 | 58 | 61 | 64 | 68 | 72 |
| B · Längt | 65 | 68 | 72 | 76 | 78 | 80 | 82 | 84 |
| C · Äermel | 60,5 | 61,5 | 63 | 64,5 | 65 | 65,5 | 66 | 66,5 |
Tipp: Mooss e Pulli oder Longsleeve, deen s du gär hues, flaach um Dësch a vergläich.












