Lade Veranstaltungen

 

O’Zapft is! Dierf een dat och zu Wien soen? Egal!

An schwéieren Zäiten (Kiki net méi zu Wien) muss een un Traditiounen festhalen. Dofir starte mir an dat neit Wantersemester nees mat enger Visite vun de Wiener Wiesn um Prater!

Den Comité huet virgesuergt a fir 80 Leit am Gösser Zelt reservéiert. Treffpunkt ass um 12:00 virum Zelt.
Fir 20€ déi dir op eise Kont iwwerweist krit dir den Daag selwer een 20€ Gedrénksbong! Praktesch, nee?

Fëllt wéi emmer dëse Formulaire aus an befollegt d’Uweisungen vun der Bestätegungsmail.

https://forms.gle/fndG1cyuYPLZhHDV7

Den Comité freet sech enorm Iech alleguer erëmzegesinn!

Go to Top