
Mir freeën eis iech op déi 6. Editioun vun eisem Pubquiz am Weberknecht den 06. Dezember 2018 anzelueden!
Et gëtt an Gruppen vun 2-5 Leit gespillt.
Maximal 15 Ekippen kënnen deel huelen.
Matmaachen kënnen nëmmen LSW Memberen.
Natierlech kanns du den Owend selwer awer och nach deng Memberskaart fir 15 € bei eis kafen.
D’Froen dréinen sech em Themen wéi Politik, Sport, Wien, Geographie,…kuerz: Allgemengwëssen!
Lass geet et um 19:30 Auer, dofir sidd w.e.g. fir 19:15 Auer am Weberknecht domat mir pünktlech kennen ufänken.
Also komm laanscht, spill mat an blaméier dech, deng Ekipp an jiddereen, deen dech kennt!
Mier freeën eis,
Ären Comité













