
Den LSW Comité invitéiert iech den 24. November 2018, an den Weberknecht zur 2ter Editioun vun eisem Beerpong Tournoi!
Start ass um 20:00 Auer! Sidd w.e.g.l. spéitstens um 19h30 do, sou dass mir pünktlech kennen starten!
Gespillt gëtt an Ekippen a jee 2 Persounen. Insgesamt kennen maximal 16 Ekippen deel huelen.
Präis pro Ekipp leit bei 20 €.
Mellt iech w.e.g. mat enger Email un secretary@lsw.lu un.
An dëser Email muss den Numm vun deenen 2 Persounen stoen an den Numm vun der Ekipp.
Wichteg: Déi 2 Persounen am Team mussen Memberen vum LSW sinn!
Mir freeën eis iech am Weberknecht begréissen ze kennen!
Ären LSW Comité













