Haaptstudienrichtungen
Architektur, Bauingenieurwesen, Elektrotechnik, Informatik, Maschinenbau, Mathematik, Physik, uvm.
Hei fënns de all Studiengäng.
Umeldung
Als Lëtzebuerger mat engem Premiere/Treizièmes Diplom ass deng Umeldung méi einfach wëlls de etlech Ënnerlagen net areschen muss.
1a. Studium mat Opnahmverfahren (Informatik, Architektur an Raumplanung und Raumordnung):
– Online Registréierung bei TISS
– Motivatiounsschreiwes
– schrëftlechen Reihungstest (wann méi Leit en Motivatiounsschreiwes agereecht hunn wei Platzen sinn)
1b. Studium mat Studien-VoR-Phase:
– Online Registréierung bei TISS
– Rendezvous an der Studienabteilung maachen
2. Perséinlech Aschreiwung an der Studienabteilung, dofir brauchs du folgend Dokumenter:
– däin Premiere/Treizièmes Diplom
– carte d’identite
Hei fënns de nach eng Kéier all Detailer.
3. ÖH-Beitrag bezuelen
Fir deng Umeldung ofzeschléissen muss du den ÖH-Beitrag bezuelen, den am Moment 22,70 euro ass. Dann kriss du den Zougang zu TISS, wou s de der een Konto erstellen muss. Schlussendlech kriss de och deng Studentekaart op deng éisträichesch Adress wann s de déi uginn hues, wann net dann muss de se eng Kéier am ZIB-Zentrum ofhuelen.
Fristen
Summersemester 2025:
Allgemeng Zulassungsfrist: Januar- Februar
Wantersemester 2024/25:
Allgemeng Zulassungsfrist: Juli- September
Self-Assessment
TU Wien bitt een Self-Assessment Test un, fir rauszefannen op s de wierklech dat richtegt Studium fir dech rausgesicht hues. Dësen Test huet keen Afloss op deng Zouloossung, ass anonym an net obligatoresch.
Kontakt
Karlsplatz 13
A-1040 Wien
Tel.: (0043) 01-58801-0
www.tuwien.ac.at