FAQ

Wunnen

Wou wunnt een am beschten?

Eis perséinlech Erfarung ass, dass een am beschten an den Bezierker 2-9 wunnt. Wann een lo bëssen méi bëlleg Wunnengen sicht, dann kann een och an Außenbezierker ronderëm den Gürtel kucken, zum Beispill den 15. oder 16. Bezierk . Vill Studenten, déi op der VetMedUni studéieren, déi e bëssen méi ausserhalb läit, wunnen dann och an der Géigend vun der Uni am 21. Bezierk.

Wou fannen ech Wunnengen?

Wunnengen fënns de zum Beispill op all méiglech Internetsäiten. Hei sinn der puer uginn.

Sport

Wou kann ech Sport maachen?

Vun der Uni gëtt et den USI Sport. Sie bidden all méiglech Sportaarten un, vun Kampfsport bis Fitness, Danzen, Ski fueren oder och Gruppensport. Vill Kueren sinn immens beléift an dowéinst soll een am viraus wëssen wat een well maachen fir sech dann rechtzäiteg umellen ze kennen. Präisser hänken vun Kuer zu Kuer of mä déi meescht leien tëscht ca. 20€ bis 100€. Umellen kanns de dech entweder online op usi.at oder bei enger Kassa (aktuell wéinst Corona zou).

Et gëtt awer och eng LSW Sport Grupp, an deis de draschreiwen kanns, op een zum Beispill Loscht huet Basket spillen ze goen.

Gesondheet

Sichs du een Dokter?

Dann fro am beschten einfach an LSW Facebookgrupp, d’Warscheinlechkeet dass een schonn eng Kéier zu Wien bei engem Dokter war, ass relativ grouss.

Kann ech mat der lëtzebuergescher Krankekeess och zu Wien bei een Dokter goen?

Zu Wien huelen verschidden Dokteren nëmmen eng bestëmmten Krankekeess un. An dem Sënn muss du oppassen, dass wann s du zu Wien bei een Dokter gees hien all Krankekeesen unhëlt.

Wei kommen ech un een Corona Test?

Als Resident zu Wien, hues du d’Recht op gratis Gurgeltester (PCR-Test). Des kriss du am Bipa an kanns se an all REWE Geschäft (zum Beispill Billa) ofginn an kriss, wann s de den Test virun 9:00 ofgëss, däin Resultat den nächsten Dag matgedeelt.

Du kanns och een Schnelltest an den Teststroossen machen zum Beispill beim Schloss Schönbrunn oder bei der Stadthalle.

An verschidden Apdikten kanns de een Antigentest maachen.

Hei fënns de weider Detailer.

Allgemeng

Wei kommen ech op Wien?

Du kanns entweder mam Fliger, Zuch oder Auto op Wien kommen. 

Fliger ass warscheinlech dat deierst, mä awer och dat séierst. Du bezils als Student maximal 200€ an bass an 1h45 zu Wien.

Mam Zuch ass een bal een ganzen Dag ënnerwee an wann een frei genuch bucht, kann een Allee just circa 40€ kaschten. Du muss just 1 mol zu Koblenz ëmsteigen an do kriss de den ICE, den direkt op Wien fiert. Dëst ass och déi ëmweltfrëndlechsten Aart an Weis op Wien ze kommen.

Mam Auto bass de circa 10 Stonnen ënnerwee, et gëtt awer méi bëlleg wann s de zu puer am Auto fiers. 

Brauch ech een Auto zu Wien?

Zu Wien brauchs du net onbedéngt een Auto. D’Verkéiersnetz an d’Velosweeer sinn sou gutt ausgebaut dass de mam Auto méi laang brauchs wei mam Vëlo oder mat der U-Bahn zum Beispill. Sie feieren dech och quasi iwwerall hin, an wann mol eng Kéier net gëtt et zu Wien och nach Carsharing, wou s de der een Auto fir eng bestëmmten Zäit lounen kanns. Ausserdeem muss de bedenken, dass de net iwwerall den ganzen Dag gratis parken kanns.

Wei mellen ech mech zu Wien richteg un?

Du muss dech zu Wien innerhalb vun 3 Deeg beim Meldeservice umellen. Et kascht näischt sech unzemellen an du muss folgend Ënnerlagen mathuelen:

– Carte d’identité oder Pass an eventuell eng Geburtsurkunde

– Mietvertrag

– Meldezettel

Wéinst Corona kann een net ouni Rendezvous dohinner goen. Dowéinst denk drun dech am viraus iwwert alles ze informéieren, och iwwert déi néideg Ënnerlagen.

 Hei fënns de déi néideg Informatiounen an Ënnerlagen, déi s de fir Umeldung brauchs.

Wat ass GIS?

Wann s du Geräter mat „Rundfunk-Technologien“ hues, bass du an Eistreich gesetzlech verflicht „Rundfunkgebühren“ ze bezuelen. Dat ass GIS. Sie kennen och bei dech schellen kommen fir ze kontrolléieren op du zum Beispill en Fernsee hues. Allerdéngs hues du d’Rescht den Antrëtt an deng Wunneng ze verweigeren.

Hei fënns du Präisser oder och aner Informatiounen.

Hues diegendwelch Froen zu denger Studium?

Dann fro am Beschten einfach an LSW Facebookgrupp, d’Wahrscheinlechkeet dass een dat selwescht studeiert ass relativ grouss.