Lade Veranstaltungen

Vergangene Veranstaltungen

Veranstaltungen Suche und Ansichten, Navigation

Veranstaltung Ansichten-Navigation

Dezember 2018

LSW Stammdësch Weihnachts-Editioun 2018

14. Dezember 2018 @ 19:00 - 23:30
Altes AKH Christkindlmarkt Wien, Wien 1010 Österreich + Google Karte anzeigen

Servus léif LSW’ler, en Freiden, den 14. Dezember invitéieren mer iech op eisen Stammdësch um Weihnachtsmarkt Altes AKH. Wann´s de Loscht hues e gemittlechen Owend mat eis ze verbréngen, eis villäicht en puer Verbesserungsvirschléi oder allgemeng Virschléi fir nei Evenementer matzedeelen, dann komm laanscht an drénk een Patt mat eis. Rendezvous ass ab 19:00h an den Chrëschtmaart ass bis 22:00h op. Dono geet et awer sécher nach net heem ;)! Mir wäerten eis op der grousser Platz an der Mëtt treffen, an halen iech och iwwert Facebook um Lafenden wou mir genee drun sinn. Mat beschte Gréiss, ären LSW Comité

Erfahren Sie mehr »

LSW goes Tournoi de Noël

27. Dezember 2018 @ 8:00 - 28. Dezember 2018 @ 20:00
Geeseknäppchen

Gläich heescht et erëm LSW goes Tournoi de Noël :)! Treffpunkt ass wéi ëmmer moies um Campus Geesseknäppchen. 27. Dezember am Volleyball + Basket 28. Dezember am Fussball D´SportlerInnen vum LSW géifen sech freeën wann e bëssen Stëmmung an der Hal wier! Also kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Ekippen! Mir sinn op all Supporter ugewisen! Mir hoffen dass mir dëst Joer erëm genau sou fit um Terrain wäerten stoen, wei déi lescht Joren an allen dräi Sportaarten! Mee net nëmmen um Terrain wëllen mir d´Coupe gewannen, am leschten Joer hunn mir den prix de consommation fir eis entscheet, an et…

Erfahren Sie mehr »

Januar 2019

3. Hallschent Tournoi de Noël

11. Januar 2019 @ 20:00 - 23:30
Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte anzeigen

MERCI, un eis Sportler, déi hiert bescht ginn hunn um Tournoi de Noël, och wann et dëst Joer net esou gutt gaangen ass wei dat eent oder dat anert Joer. An och en grousse Merci un all eis Fans, déi eis Sportler sou super ënnerstëtzt hunn. Virun allem hunn mir duerch iech den Prix de Consommation gewonnen. Dat muss natierlech gefeiert ginn, dofir luede mir iech op eng drëtt Hallschent mat Fräibéier an Cola vum Tournoi de Noël an de Weberknecht an. Wéini: Freiden, den 11.01.2019 Wéivill Auer: 20:00 Auer Wou: Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49, 1160 Wien Wichteg: Fir um Event…

Erfahren Sie mehr »

Februar 2019

Hüttenzauber 3.0

15. Februar 2019 @ 22:00 - 16. Februar 2019 @ 6:00
Apoteca Bar & Club, 12, rue de la Boucherie
Luxemburg, 1247 Luxemburg
+ Google Karte anzeigen
€5 – €7

Léif Frënn a Memberen, D’Prüfungen si geschriwwen an Wantersemester ass eriwwer. Egal ob erfollegräich oder net, iert et an dat nächst Semester geet, looss vum ganzen Unistress lass a stouss mat eis un. D’Lëtzebuerger Studente vu Wien an Innsbruck invitéieren iech op hir 3ten Editioun vum HÜTTENZAUBER! Dëst kéier an der Apoteca Bar & Club, de 15. Februar 2019! Lass geet et um 22 Auer. !!! Happy Hour: 22h-23h !!! Fir Gaudi Musek suergt den DJ Stanko! Ticketen ginn et deemnächst bei de Comitésmemberen vum LSW an LSI. Virverkaf: 5 € Oweskeess: 7€ Adresse: Apoteca Bar & CLub, 12 rue…

Erfahren Sie mehr »

März 2019

LSW Assemblée Générale

6. März 2019 @ 20:00 - 23:30
Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte anzeigen

Léif Memberen, Den Comité vum LSW invitéiert op déi all jäerlech Assemblée Générale an den Weberknecht. D’AG bitt iech d’Méiglechkeet zesummen mam Comité iwwert vergaangen an zukünfteg Evenementer ze diskutéieren, een Abléck an d’Finanzen vun der Asbl. ze kréien an den neien Comité ze wielen. Fir den Comité 2019/20 ginn nach engagéiert Memberen gesicht. Falls du also motivéiert bass an d’LSW Daf matgemaach hues dann mell dech mat engem klengen Motivatiounsschreiwes mat enger E-Mail un lsw@lsw.lu Den Programm ass folgenden: - Wëllkommensried - Réckbléck op Aktivitéiten 2018/2019 - Finanziellen Iwwerbléck vum Tresorier - Wiel vun den Comitésmemberen 2019/20 - Wiel…

Erfahren Sie mehr »

LSW Beerpong Tournoi St. Patrick’s Day edition 2.0

16. März 2019 @ 19:30 - 23:30
Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte anzeigen

Beerpongers Wanted! Den LSW-Comité invitéiert seng geskillsten Memberen op den 3. LSW Beerpong Tournoi - St. Patrick's Day edition 2.0. 16 Teams 2 Leit pro Team 20€ Participatioun pro Team WICHTEG: LSW-Memberskaart recquired! Gespillt gëtt um 20:00, Rendezvous 19:30 spéitstens. Inscriptioun: NUMM+VIRNUMM vun den 2 Spiller + Numm vun der Equipe ënner secretary@lsw.lu first come first serve! Well dat ganzt um Virowend vun St. Patrick's Day statt fënnt an mir all gär Iren wären, gëtt wärend an nom Tournoi uerdentlech an verantwortungsvoll geballert. Avis aux amateurs, mate! Cheers, Ären Comité

Erfahren Sie mehr »

Mai 2019

LSW Pubquiz

2. Mai 2019 @ 20:00 - 23:59
Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte anzeigen

Du bass ready däin Wëssen mat aneren LSWler ze moossen? Dann mell dech mat dësem Formulaire un! Minimum 2, maximum 5 Leit pro Equipe sinn erlaabt. (LSW-Members only! Dir kennt är Memberskaart awer den Owend selwer kafen) https://forms.gle/6buwGsnso5hZvueEA Lass geet et um 20:00 Auer, dofir sidd w.e.g. um 19:45 Auer am Weberknecht, domat mir pünktlech kënnen ufänken. Also komm laanscht, Spill mat a blaméier dech, deng Ekipp an jiddereen deen dech kennt. Ären LSW Comité

Erfahren Sie mehr »

LSW Grouss Botz

3. Mai 2019 @ 15:00 - 17:00

LSW botzt Wien! Mir drénken vill, maache vill Sport an lo gëtt et Zäit dat mir eiser Stad eppes zeréck ginn. Dofir organiséirt den LSW, mat der Hëllef vun den 48er vun der Stad Wien eng Botzaktioun um Prater. Mat Hännchen an Poubellestuten fir jidereen (offréiert vun den 48er) treffe mir eis e Freiden Mëtten um 15:00 um Praterstern an schaffen eis duerch den Dreck vun eisem Prater. Mell also dech an déng Botz-Friends ënner secretary@lsw.lu un an hëllef eis d'Stad rem ee Stéck méi propper ze maachen an dat bei egal weiengem Wierder! (Fräiwëlleg Aarbescht kann demnowéi mat engem…

Erfahren Sie mehr »

Oktober 2019

LSW goes Wiener Wiesn 2019

5. Oktober 2019 @ 11:45 - 17:00
Wiener Wiesn, Praterwiesn
Wien, Wien 1020 Österreich
+ Google Karte anzeigen
€20

  O'Zapft is! Dierf een dat och zu Wien soen? Egal! An schwéieren Zäiten (Kiki net méi zu Wien) muss een un Traditiounen festhalen. Dofir starte mir an dat neit Wantersemester nees mat enger Visite vun de Wiener Wiesn um Prater! Den Comité huet virgesuergt a fir 80 Leit am Gösser Zelt reservéiert. Treffpunkt ass um 12:00 virum Zelt. Fir 20€ déi dir op eise Kont iwwerweist krit dir den Daag selwer een 20€ Gedrénksbong! Praktesch, nee? Fëllt wéi emmer dëse Formulaire aus an befollegt d'Uweisungen vun der Bestätegungsmail. https://forms.gle/fndG1cyuYPLZhHDV7 Den Comité freet sech enorm Iech alleguer erëmzegesinn!

Erfahren Sie mehr »

LSW Welcome Party 2019

11. Oktober 2019 @ 20:00 - 12. Oktober 2019 @ 20:00
Weberknecht, Lerchenfeldergürtel 47-49
Wien, Wien 1160 Österreich
+ Google Karte anzeigen
€15

FRÄIBÉIERRR!! Wëllkomm am Wantersemester 2019! Déi eng si fort, déi aner sinn fir d'éischt do an nach anerer kréien einfach net genuch. A wéi kënnt een am beschte zesummen ewéi bei engem gudden, alen Fräibeier am Weberknecht. Dëst Joer huet sech den Comité eppes ganz ausgefallenes ausgeduecht: Fir 15€ krit dir eng Memberskaart beim LSW, an soumat och gratis Béier (um Fräibéier) so lange der Vorrat reicht. Mat der Memberskaart hutt dir nët nëmmen Accés op de Fräibéier, mee dir hutt och divers aner Virdeeler wärend dem ganzen akademesche Joer (Daf, Pubquiz, Beachvolleyball, präissreduzéiert Saufest etc.) Fir Member ze ginn,…

Erfahren Sie mehr »
+ Veranstaltungen exportieren
Lëtzebuerger Studenten Wien