REMINDER – ALUS Route du vin Intercercle 2019

REMINDER

Léif Frënn vun der ALUS,

Samschdes, de 23. Mäerz 2019 fënnt nees eis traditionell Route du Vin Intercercle statt.

Et sinn nach Platze fräi. Falls nach een vun iech motivéiert ass, ee flotten Dag am Elsass ze verbréngen, da kenn dir iech ënnert folgendem Link umellen: https://goo.gl/forms/bK383aarBMu9zukl1

Mam ausfëlle vun dësem Formulaire, stëmmt dir eiser Privacy Reglementatioun zou (https://alus.lu/privacy).

Wéi gewinnt maache mir en klengen Ausfluch duerch den Elsass, wou mir eis wonnerschéin elsässesch Dierfer entdecken an och 2 Kellereie besiche fir elsässesche Wäin ze schmaachen.

De Programm gesäit folgendermoossen aus: 

  • Den Depart mam Bus ass Samschdes Moies um 9:00 Auer beim Colisée (6 rue de Rome, F-67000 Strasbourg);
  • Dono fuere mir bei deen éischte Wënzer: Francis Beck et Fils (Epfig);
  • Mëttegiessen ass zu Ribeauvillé am Restaurant „Aux trois Châteaux“;
  • Nom Iessen hutt dir da bis 15:30 Fräizäit;
  • Duerno fuere mer bei den zweete Wënzer: Frey Sohler (Scherwiller);
  • Géint 18:00 Auer ass de RDV beim Bus fir erëm zréck op Stroossbuerg;
  • Och dëst Joer gi mer Owes zesummen iessen, fir déi Leit déi nach motivéiert sinn.

Fir definitiv kennen dobäi ze si muss dir 40 € op den ALUS Konto (IBAN LU83 0019 2955 2436 2000) iwwerweisen oder einfach een Digicash maachen (alus.lu/digicash).

Dir hutt bis den 18. Mäerz Zäit ze bezuelen.

Mir bidden iech dëst Joer och erëm Schlofplazen un. Dir kennt beim Umeldungsformulaire ukräizen op dir eng Schlofplaz braucht oder net.

Hei fann dir och eist Facebook
Event: https://www.facebook.com/events/575145939633472/

Mir freeën eis op iech 🙂

Mat beschte Gréiss, 

Den ALUS Comité