Léif Studentinnen a Studenten,
D’Lëtzebuerger Studente vun Oochen invitéieren iech ganz häerzlech, den 30. Abrëll 2019, op den Tournoi de l’Ambassadeur.
Bei dësem Turnéier handelt et sech em en Fussballturnéier deen bis elo traditionell tëschent den Cerclen GDL, LESTLE, CELB an dem AVL stattfonnt huet an ëmmer ofwiesselend an der jeeweileger Stad vun engem vun dësen Cercle organiséiert ginn ass. Nom Turnéier gëtt dann de Roi an d’Reine National(e) ënnert de 4 traditionelle Cerclen gekréint. Dëst Joer hu mir 4 Cerclen zesummen decidéiert, dass all Cercle un dësem Intercercle deel kann huelen. Dofir luede mir iech häerzlech an fir sech bei engem Fussballmatch géinteneen ze moosen. Den Roi an Reine National(e) géiffen allerdéngs weiderhin ënnert de 4 Cerclen ausgedroe ginn.
Mir
géifen eis dann all um 10h beim Fussballterrain (Zehnthofweg, 52068
Aachen) treffen fir kenne pünktlech um 11h unzefänken. Den Tournoi wäert
bis 17h daueren, jee nodeem wéi vill Equipen/Cerclen sech umellen.
Dann ass géint 18h d’Kréinung vum Roi an der Reine National(e) teschend
den 4 Cerclen. Do ass natierlech och jiddereen häerzlech wëllkomm fir
d’Roien an d’Reinen unzefeieren! Nodeems mir dann de Roi an d Reine
National(e) „gekréint“ hunn geet et weider an de Cafe Kaktus, eise
Stammcafe, deen een oder anere Patt zesummen drénken. Bevir mir dann all
zesummen bis an déi fréi Moiesstonnen raus feiere ginn.
Zum Oflaf vum Fussball:
Gespillt gëtt Cercle géint Cercle. Eng Equipe besteet aus 7 Leit
(Goalkeeper inkl.) an d’Unzuel vun Ersatzspiller ass egal. Dir kennt och
méi Equipen pro Cercle umellen.
Fir Iessen, Gedrénks a genuch Béier wärend dem Turnéier ass natierlech gesuergt. Et soll eis jo keen un duuscht leiden beim ufeieren vun eise motivéierte Spiller. Dofir bidde mir iech eng Gedrénksflatrate fir 15€ un an der ass d’Gegrills awer NET inklusiv.
Umellen kennt dir iech als Cercle bis den 14.04.2019 ënnert joel.fux@avl.lu.
Fir déi Leit déi eng Schlofplaz sichen, déi kennen sech och gäer bei eis ennert pit.jans@avl.lu mellen.
Eise Facebook-Link fann dir hei:
https://www.facebook.com/events/272726643628356/
Mir freeën eis ob iech!
Mat beschte Gréiss,
Den AVL Comité