Acel-Quizowend

Gudden Owend léiwe Comité,

Heimat luede mir iech an är Cercles-Memberen ob eisen ACEL-Quizowend an, wou der iech a klenge Gruppen eisen zuelräiche Froe stellen a mat eis e gemittlechen Owend verbrénge kënnt. Hei sinn di wichtegst Informatiounen ob ee Bléck:

Wéini a Wou: Samschdes, den 13. Abrëll 2019 am Rooftop Chalet & Bar (2, rue Nennig, 2214 Luxembourg) um 19:00 Auer. Et gi puer Parkplaze virun der Dir, Déi Éischt sinn also fir, mee d’Verbindung mam ëffentlechen Transport vum Glacis ass och ganz gutt.

Wéi grouss dierf d’Equipe sinn: 3 – 5 Leit, wouvu mindestens een an engem Cercle muss sinn.

Wéi vill kascht dee Spaass a wat kréien ech dofir: Participatioun ass fir jidderee gratis an mir iwwerhuelen deen een oder anere Patt.

Wou kann een sech umellen: Ob https://acel.lu/survey/quiz muss just eng Persoun di ganz Equipeumellen.

D’Plaze si limitéiert, dofir maacht iech vir bäi. An natierlech géif ech iech bieden, dëst un all är Membere virunzeleeden an, wann deemnächst eist Facebook-Event online geet, dat och ze deelen, fir dass och jiddereen d’Méiglechkeet kritt, säi Wëssen ënner Beweis ze stellen.